Ëffentlech n°927

Petitionnär/in: Mathieu Putz

Méi ambitiéis Klimazieler

Zil vun der Petitioun

Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Schonns elo entstinn duerch d’Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d’Natur a fir de Mënsch. D’Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d’Zukunftsperspektiven an d’Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D’Konsequenze vum ... méi

ofgelaf  01.03.2018
178 /4.500
4%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
18.04.2018

Deklaratioun vun der Cloture

16.04.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 927 ass den 16-04-2018 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

06.03.2018

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

02.03.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 927 z'ënnerschreiwen ass den 02-03-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 178

02.03.2018

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 178

02.03.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 927 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-03-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 178

18.01.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 927 ka vum 18-01-2018 un ënnerschriwwe ginn

17.01.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.01.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 927 gouf den 12-01-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-01-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 01-03-2018 um 23h59

10.01.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-01-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 927 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

21.12.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 927 gouf den 21-12-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Méi ambitiéis Klimazieler

Zil vun der Petitioun: Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter).

Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn:

• Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien.

• En attraktiven ëffentlechen Transport.

• Staatlech Ënnerstëtzung fir d’Elektromobilitéit.

• Eng Erhéijung vun de Steieren op all d’fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin.

• Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn.

• Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Schonns elo entstinn duerch d’Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d’Natur a fir de Mënsch. D’Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d’Zukunftsperspektiven an d’Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D’Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z’ënnerhuelen.

Ironesch ass, dass erneierbar Energie, ‘par définition même’, inevitabel ass. D’Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d’Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d’Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d’Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen.

Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor.

Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland.

Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché.

Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.