Méi ambitiéis Klimazieler - Pétitions
Méi ambitiéis Klimazieler
Pétition publique n°927
Pétitionnaire : Mathieu Putz
Objet de la pétition
Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter). Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn: - Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien. - En attraktiven ëffentlechen Transport. - Staatlech Ënnerstëtzung fir d'Elektromobilitéit. - Eng Erhéijung vun de Steieren op all d'fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin. - Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn. - Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien.
Motivation de la pétition
Schonns elo entstinn duerch d'Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d'Natur a fir de Mënsch. D'Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d'Zukunftsperspektiven an d'Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D'Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z'ënnerhuelen. Ironesch ass, dass erneierbar Energie, 'par définition même', inevitabel ass. D'Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d'Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d'Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d'Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen. Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor. Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland. Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché. Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.
Collecte des signatures terminée
Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 178 signatures sont valides.
Signatures validées
178 / 4 500
Informations clés
Clôturée
Date de dépôt
20/12/2017
Ouverture de la collecte de signatures
18/01/2018
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
18/04/2018
Déclaration de clôture
16/04/2018
La pétition publique n°927 est clôturée, le 16-04-2018
Motivation de la clôture: Pas de poursuite de l'instruction
06/03/2018
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
02/03/2018
La période de signature de la pétition publique n°927 est clôturée, le 02-03-2018 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 178
02/03/2018
Signatures électroniques validées: 178
02/03/2018
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°927, le 02-03-2018 - Nombre de signatures après validation: 178
18/01/2018
La pétition publique n°927 est ouverte à signature, le 18-01-2018
17/01/2018
Déclaration de recevabilité
12/01/2018
La pétition publique n°927 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 12-01-2018
Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 18-01-2018 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 01-03-2018 à 23h59
10/01/2018
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°927, le 10-01-2018
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
21/12/2017
La pétition publique n°927 est déposée, le 21-12-2017
Intitulé de la pétition: Méi ambitiéis Klimazieler But de la pétition: Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter). Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn: \u2022 Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien. \u2022 En attraktiven ëffentlechen Transport. \u2022 Staatlech Ënnerstëtzung fir d'Elektromobilitéit. \u2022 Eng Erhéijung vun de Steieren op all d'fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin. \u2022 Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn. \u2022 Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien. Motivation de l'intérêt général de la pétition: Schonns elo entstinn duerch d'Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d'Natur a fir de Mënsch. D'Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d'Zukunftsperspektiven an d'Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D'Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z'ënnerhuelen. Ironesch ass, dass erneierbar Energie, 'par définition même', inevitabel ass. D'Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d'Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d'Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d'Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen. Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor. Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland. Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché. Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.