Ëffentlech n°575

Petitionnär/in: Viviane Hansen-Adams

Géint d'Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d'Steierklass 1A Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d'impôts 2 dans la classe d'impôts 1A

Zil vun der Petitioun

Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz. oder als Alternative : Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg ... méi

ofgelaf  11.12.2015
8540 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.04.2018

Deklaratioun vun der Cloture

16.04.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 575 ass den 16-04-2018 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Suite au bilan de la Commission

09.01.2017

Demarchë vun der Regierung am Kader vun der Instruktioun vun der Petitioun

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
14.04.2016

Transmission de procès-verbaux

19.02.2016

Eng Stellungnam iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 575 ass disponibel, den 19-02-2016

Parlamentaresch Kommissiounen: Commission des Finances et du Budget

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
02.02.2016

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 02-02-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 575

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
14.01.2016

Invitatioun fir den ëffentlechen Debat

18.12.2015

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 5151

18.12.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 3389

18.12.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 575 huet den 18-12-2015 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

12.12.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 575 z'ënnerschreiwen ass den 12-12-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 3625

02.11.2015

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

30.10.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 575 ka vum 30-10-2015 un ënnerschriwwe ginn

29.10.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 575 gouf den 29-10-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-10-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-12-2015 um 23h59

28.10.2015

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 28-10-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 575 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

26.10.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 575 gouf den 26-10-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Géint d’Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A

Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôts 1A

 

 

Zil vun der Petitioun: Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz.

oder als Alternative :

Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte Liewensstandard ugepasst sin.

 

Abolition du reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôt 1A et modification de la loi respective.

ou alternativement

Création d’une nouvelle classe d’impôts ou abattements extraordinaires pour veufs / veuves. L’imposition devrait tenir compte du niveau de vie antérieur.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE

 

Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg iwwer 60 Joer aalsin (54% Fraen a 46% Männer - Statistiken vum 01.01.2015) an datt plus minus d’Hallschent dovunner bestuet ass, da kann én sech jo virstellen datt d’Zuel vun de Wittfraen a Wittmänner an déne nächste Joeren däitlech wäert an d’Luucht goen.

Laut dem aktuelle Lëtzebuerger Gesetz, huet den hannerbliwwene Steierzueler d’Recht op Steierklass 2 daat Joer wou de Liewenspartner gestuerwen ass a nach 3 Joer duerno. No dëser Iwwergangsperiod gët hien dann an d’Steierklass 1A reklasséiert waat fir eng Persoun aus dem Mëttelstand heescht datt si +/- 300 Euro pro Mount méi Steieren bezuelen muss.

Dës Erhéijung, vun där de Staat natierlech profitéiert, huet awer ganz schlëmm Auswierkungen op déi déi hire Liewenspartner verluer hun.

Studien weisen datt Wittfraen a Wittmänner vill éischter ënnert d’Aarmutsgrenz falen wéi de Rescht vun der Populatioun. Et brauch é jo nët ze erwähnen a wéi engem Mooss dësen Zoustand hiert Wuelbefannen an hier Gesondheet beaflosst a bedenkt och datt hiert Gemidd schonn duerch de Verloscht vum Liewenspartner scho béis ugeschloen ass.

Nom Doud ännert sech alles am Liewen vum Hannerbliwwenen. D’Deeg si gefëllt vun Trauer a vu Péng, a fir déi, déi Dag a Nuecht, hiren doudkranke Liewenspartner versuergt hun, kënnt och nach d’Erschöpfung dobäi. D’Liewen huet säin Inhalt verluer an déi deeglech Aarbechten heefen sech well den Iwwerliewenden sech ëm alles eleng këmmere muss. Oft muss hien aus dem Haus plënneren well ët ze deier gët oder well hien eleng d’Aarbecht nët méi packt. Alles wat him da bleift ass déi kleng “pension de survie” fir déi de Liewenspartner säi Liewe laang geschafft huet, mais souguer déi kréien verschiddener vum Staat refuséiert.

Dëst ongerecht Reklassement geet ons all eppes un well Wittfra oder Wittmann gin ass kee Choix.

Haaptsächlech déi eeler Leit hun d’Kraaft nët méi sech géint dës ongerecht Erhéijung vun de Steieren ze wieren. Déi Hannerbliwwen soll é mat Respekt behandelen. Am Sënn vun der Solidaritéit soll ët engem Staat seng Aufgab sindéi Leit an der Steierklass 2 ze loossen oder eng nei Steierklass oder extra Abattement’en fir d’ Wittfraen a Wittmänner anzeféieren déi dem virrechte Liewensstandard Rechnung droen.

Kommt mir hëllefen dëser Generatioun, enger Generatioun déi e groussen Deel vun hirem Liewen fir de Wuelstand vun der aktueller Generatioun geschafft huet.

 

26.10.2015

Depot