Iwwer d'Chamber

D'lëtzebuergescht Parlament, déi sougenannte Chamber, vertrëtt d’Land. Si üübt de legislative Pouvoir aus a kontrolléiert d’Akte vun der Regierung.

Hir Roll, hir Missiounen, hir Organisatioun an hire Fonctionnement ginn duerch eng Rei Bestëmmungen an der Verfassung an an hirem interne Reglement gereegelt.

D'Chamber besteet aus 60 Deputéiert, déi direkt a nom allgemenge Walrecht fir fënnef Joer gewielt ginn. Fir wielen ze kënnen, muss ee Lëtzebuerger an 18 Joer al sinn.

Méi Infoen op www.chd.lu.