Meeschtgestallte Froen

Eng Petitioun ass eng Ufro vun enger Privatpersoun oder engem Grupp vu Privatpersounen un d’Chamber, fir datt eng Decisioun am Sënn vun hirem Uleies getraff gëtt. D’Chamber këmmert sech net ëm Petitiounen, déi sech op individuell Interesse bezéien.

Et gëtt zwou verschidden Zorte vu Petitiounen: déi einfach Petitioun an déi ëffentlech Petitioun. Nëmmen déi ëffentlech Petitioune kënnen op dësen Internetsite ënnerschriwwe ginn an - ënner gewësse Viraussetzungen - en ëffentlechen Debat ausléisen.

Am Contraire zu enger ëffentlecher Petitioun kënne mat enger einfacher Petitioun keng Online-Ënnerschrëften iwwert d’Internetsäit vun der Chamber gesammelt ginn. Et ass och keen ëffentlechen Debat virgesinn.

Jiddereen däerf eng ëffentlech Petitioun erareechen, deen

  • mindestens 15 Joer al ass,

  • am Registre national des personnes physiques agedroen ass, dat heescht eng Matriculesnummer huet. Et muss een net zu Lëtzebuerg wunnen

! D’Parlamentsverwaltung behält sech d‘Recht vir, d’Identitéit vum Petitionär an déi vun de Signatairen am Registre national des personnes physiques ze iwwerpréiwen.

! D'Petitioun muss iwwert den eletktronesche Formulaire op dësem Site oder follgende Formulaire agereecht ginn.

  • D’Uleies muss vu generellem Interesse sinn. D’Petitioun däerf kee perséinleche Bezuch hunn. (Evitéiert Formuléierunge mat „ech“ oder „mir“!)

  • D’Petitioun muss op eng verständlech an neutral Aart a Weis geschriwwe sinn an däerf net géint ethesch Prinzippie verstoussen (keng rassistesch, sexistesch, homophob oder diskriminéierend Commentairen)

Ier eng ëffentlech Petitioun um Internetsite vun der Chamber fir Ënnerschrëften opgemaach gëtt, kontrolléiert d’Petitiounskommissioun, ob d’Petitiounsufro zoulässeg ass. Wa si sech fir eng Verëffentlechung ausschwätzt, muss an engem zweete Schrëtt och d’Presidentekonferenz hiren Accord ginn.

Eng ëffentlech Petitioun, déi zoulässeg ass, ass sechs Wochen (42 Deeg) laang um Internetsite vun der Chamber op fir Ënnerschrëften. Gläichzäiteg kënnen och mat engem speziell dofir virgesinne Formulaire Ënnerschrëften op Pabeier gesammelt ginn. Dëse Formulaire kritt de Petitionär vun der Parlamentsverwaltung.

Wann eng Petitiounsufro déi uewe genannte Konditiounen net erfëllt, gëtt se ofgewisen. Wann d'Ufro net präzis genuch ass, freet d’Kommissioun fir den Text nozebesseren. Wann de Petitionär deem net bannent engem Mount nokënnt, kann d’Petitioun net fir Ënnerschrëften opgemaach ginn.

Fir ëffentlech Petitioune gëllt eng Joresfrist: Et kënne bannent engem Joer keng zwou Petitioune mam nämmlechte Sujet fir Ënnerschrëften opgemaach ginn.

Wann eng ëffentlech Petitioun bannent deene sechs Wochen op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte sammelt, kënnt et am Plenarsall vun der Chamber zu engem ëffentlechen Debat iwwert d’Uleies vun der Petitioun mam zoustännege Minister.

Opgepasst! Déi parlamentaresch Verwaltung kontrolléiert reegelméisseg d'Gëltegkeet vun de gesammelten Ënnerschrëften (keng Duplikater, asw.). Eng detailléiert Kontroll gëtt ausgefouert wann den Délai fir z’ënnerschreiwen eriwwer ass.  

De Petitionär ka maximal fënnef weider Persoune matbréngen, déi mat um Debat an der Chamber deelhuelen.

Den Debat gëtt live iwwert de Fernseekanal vun der Chamber (Chamber TV) iwwerdroen an iwwert d’Internetsäit www.chd.lu oder www.petitiounen.lu gestreamt. D’Tribün vum Plenarsall ass fir de Publikum op. Si ass iwwert d’Visiteursentrée vun der Chamber an der Rue de l’Eau ze erreechen. D’Visiteure mussen hir Carte d’identité derbäi hunn an duerch eng Sécherheetskontroll goen.

Fir ëffentlech Petitioune gëllt eng Joresfrist: Et kënne bannent engem Joer keng zwou Petitioune mam nämmlechte Sujet fir Ënnerschrëften opgemaach ginn

Eng ëffentlech Petitioun kann an enger vun deenen dräi Verwaltungssproochen agereecht ginn: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch sinn erlaabt. De Petitionär ka säin Uleies och a méi Sprooche formuléieren. Petitioune ginn net vun der Parlamentsverwaltung iwwersat.

Einfach Petitioune gi schrëftlech un de President vun der Chamber adresséiert.

De Petitionär ka seng Petitioun:

  • perséinlech op engem am Viraus festgeluechte Rendez-vous dem President vun der Chamber iwwerreechen,
  • per E-Mail un d’Adress petition@chd.lu schécken,
  • per Post un déi follgend Adress schécken:

Un de President vun der Chamber

23,rue du Marché-aux-Herbes

L-1728 Luxembourg

De Petitionär muss d’Petitioun ënnerschreiwen a säi Numm, säi Virnumm a seng Adress uginn.

Déi einfach Petitioun gëtt vun der Petitiounskommissioun analyséiert.

D’Petitiounskommissioun ka vum zoustännege Minister eng Prise de position froen, d’Petitioun un eng aner parlamentaresch Kommissioun iwwermëttelen respektiv eng Prise de position vun enger anerer Kommissioun froen, oder de Petitionär an enger Reunioun unhéieren.

De Petitionär gëtt per Post iwwert d’Demarche vun der Kommissioun informéiert. All d’Dokumenter, déi iwwert de Parcours vun der Petitioun informéieren, ginn um Internetsite verëffentlecht.

Jiddereen däerf eng ëffentlech Petitioun ënnerschreiwen, deen

  • mindestens 15 Joer al ass,

  • am Registre national des personnes physiques agedroen ass, d. h. eng Matriculesnummer huet. Et muss een net zu Lëtzebuerg wunnen.

D‘Parlamentsverwaltung behält sech d‘Recht vir, fir d’Identitéit vum Petitionär an déi vun de Signatairen am Registre national des personnes physiques ze iwwerpréiwen.

Ech kann eng ëffentlech Petitioun

  • direkt um Petitiounssite vun der Chamber ënnerschreiwen, andeems ech den Online-Formulaire ausfëllen,

  • handschrëftlech um Pabeier ënnerschreiwen. Ech ënnerschreiwen dofir op engem spezielle Formulaire, dee vun der Parlamentsverwaltung spezifesch fir all ëffentlech Petitioun erausgi ka ginn.

D’perséinlech Donnéeë vun de Petitionären a Signatairë ginn nëmme soulaang informatesch stockéiert, wéi et fir den Traitement vun der Petitioun néideg ass. Duerno ginn all d’Donnéeë geläscht. D’Parlamentsverwaltung kann déi perséinlech Donnéeën am nationale Persouneregëster nokontrolléieren.

Déi digital Ënnerschrëft gëtt nëmmen da mat vollem Numm um Internetsite vun der Chamber ugewisen*, wann de Signataire domat averstanen ass. Wann d’Ënnerschrëft verstoppt ass, gesäit nëmmen d’Parlamentsverwaltung d’Identitéit vum Signataire. D’Lëscht vun den Ënnerschrëfte bleift esoulaang um Internetsite, bis d’Petitiounskommissioun d’Ënnerschrëften offiziell validéiert huet. Déi perséinlech Donnéeë gi bis zum Schluss vun der Prozedur stockéiert.

Ënnerschrëften op Pabeier ginn net um Internetsite vun der Chamber verëffentlecht.

*D'Ënnerschrëftelëscht kann aus technesche Grënn nach net ugewise ginn.