Wéi eng Zort vu Petitioun géift Dir gären eraginn ?

Et ginn zwou Aarte vu Petitiounen : déi ëffentlech Petitioun an déi einfach Petitioun. 

En Iwwerbléck vun de meeschtgestallte Froen.

 

Braucht Dir Hëllef fir ze schreiwen? Hei fannt Dir eng Lëscht vun Adressen, wou Dir Hëllef kënnt kréien.

Ëffentlech Petitioun

Sammelt Ënnerschrëfte fir Är Fuerderung

Fir dës Zort vu Petitioun, musst Dir op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte sammelen. Wann Dir déi zesumme kritt, gëtt Är Petitioun am Parlament diskutéiert. Dir gitt am Kader vun engem ëffentlechen Debat an d’Chamber invitéiert fir Är Revendicatiounen ze presentéieren.

D’Krittären :

  • Dir musst op d’mannst 15 Joer hunn
  • Dir musst eng Lëtzebuerger Matricule hunn

Wat geschitt wann Dir eng ëffentlech Petitioun erareecht ?

1
Eng ëffentlech Petitioun erareechen

Dir kënnt eng ëffentlech Petitioun iwwert dësen Internetsite oder follgende Formulaire erareechen.

2
Wann d’Petitioun acceptéiert gëtt

Mir analyséieren Är Demande. Am Fall wou d’Petitioun d’Krittären erfëllt, hutt Dir 6 Wochen Zäit fir op d’mannst 4.500 Ënnerschrëften zesummen ze kréien.

3
Wann Dir déi néideg 4.500 Ënnerschrëfte * gesammelt hutt

Wann de Seuil vun op d’mannst 4.500 Ënnerschrëften erreecht gouf, gëtt d’Petitioun am Kader vun engem ëffentlechen Debat diskutéiert. Dir gitt invitéiert fir Är Revendicatioune virun den Deputéierten an den zoustännege Ministere virzestellen. Den ëffentlechen Debat gëtt live iwwerdroen.

* Opgepasst! Déi parlamentaresch Verwaltung kontrolléiert reegelméisseg d'Gëltegkeet vun de gesammelten Ënnerschrëften (keng Duplikater, asw.). Eng detailléiert Kontroll gëtt ausgefouert wann den Délai fir z’ënnerschreiwen eriwwer ass.  

Einfach Petitioun

Formuléiert Är schrëftlech Demande

Fir dës Zort vu Petitioun, kënnt Dir eis eng Petitioun ënnert der Form vun enger schrëftlecher Demande zoukomme loossen. D’Petitiounskommissioun analyséiert Är Revendicatioun an entscheet dann iwwert weider Etappen.

 

Wat geschitt wann Dir eng einfach Petitioun eraschéckt?

1
Formuléiert Är Revendicatiounen an engem Bréif

Erkläert an engem Bréif, wat Dir fuerdert a wéi Dir Är Revendicatioune wéilt ëmsetzen oder erreechen.

2
Schéckt eis Är Petitioun

Dir kënnt eis Är einfach Petitioun per Email schécken, per Post oder perséinlech dem Chamberpresident iwwerreechen (e Rendez-Vous muss virdrunner fixéiert ginn).

3
Mir analyséieren Är Petitioun

D’Petitiounskommissioun analyséiert d’Petitioun. D’Kommissioun kann :

  • eng Stellungnam beim zoustännege Minister ufroen ;
  • d’Petitioun un eng aner parlamentaresch Kommissioun weiderginn, déi de Sujet kennt ;
  • mat de Petitionären iwwert d’Petitioun an enger vun hire Reuniounen diskutéieren, all Organ oder Expert an d’Reunioun invitéieren an och Visitten um Terrain maachen.
4
Äntwert

De Petitionär gëtt per Courrier iwwert d’Demarche vun der Petitiounskommissioun an dem Minister informéiert.