Dateschutz

Informatiounsnott fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën

D’Zil vun dëser Nott ass fir Iech doriwwer z’informéieren, wéi d’Parlament, dat responsabel fir den Traitement ass, Är perséinlech Daten, déi Dir der Chamber kommunizéiert, notzt a geréiert.

D’Chamber engagéiert sech d’Privatliewe vun all Persoun, déi d’Chamber kontaktéiert, ze schützen.

D’Chamber engagéiert sech d’Reglementatioun iwwert de Schutz vu perséinlechen Donnéeën, déi a Kraaft ass, ze respektéieren.

Responsabel fir den Traitement

Chambre des Députés, 23, rue du Marché-aux-Herbes, L-1728 Luxembourg, Grand-Duché de Luxembourg

Delegéierte fir den Dateschutz (« DPO »)

Georges Wantz fir d’Societéit mat limitéierter Responsabilitéit Deloitte Tax & Consulting, 20, Boulevard de Kockelscheuer, L-1821 Luxembourg

Wéi eng perséinlech Donnéeën si concernéiert ?

Am Kader vun enger ëffentlecher Petitioun ginn déi follgend perséinlech Donnéeë vun der Chamber gesammelt an traitéiert :

  • Numm, Virnumm, Adresse,
  • Gebuertsuert an Gebuertsdatum,
  • E-Mail-Adresse, Telefonsnummer (fakultativ),

Am Kader vun enger ordinärer Petitioun, ginn déi follgend perséinlech Donnéeën vun der Chamber gesammelt an traitéiert :

  • Numm, Virnumm, Adresse,
  • E-Mail-Adresse, Telefonsnummer (fakultativ) 

Iwwert de Site, ass d’Chamber net befäegt sensibel Daten ze traitéieren. Dofir invitéiert d’Chamber Iech esou Donnéeën net iwwert de Site weiderzeschécken, mee d’Chamber op direktem Wee ze kontaktéieren.  

Firwat traitéiere mir Är Daten ?

Mir traitéieren Är perséinlech Donnéeë fir :

  • Iech op Är Ufroe fir Renseignementer a Kontakt kënnen ze äntweren,
  • déi ëffentlech Petitioun ze traitéieren, déi Dir deposéier oder ënnerschriwwen hutt,
  • déi ordinär Petitioun ze traitéieren, déi Dir deposéiert hutt.

Dës Traitementer si méiglech well Dir entweder eis Ären Accord ginn huet, dat heescht, Dir hutt d’Chamber gefrot fir Iech ze kontaktéieren oder Iech Informatiounen ze schécken, oder well dës Traitementer sech an d’Missioun vum generellen Interessi vun der Chamber aschreiwen.

Wéi laang sinn Är Date conservéiert ?

Wat Är perséinlech Date concernéiert betreffend eng ëffentlech Petitioun, ginn dës esoulaang gehale, bis d’Petitiounsprozedur ofgewéckelt ass. Eng Versioun op Pabeier vun den ëffentleche Petitioune gëtt fir archivistesch Zwecker gehalen. Dat selwecht gëllt fir déi ordinär Petitiounen. D’Ënnerschrëft fir eng ordinär Petitioun via e Formulaire op Pabeier gëtt och fir archivistesch Zwecker gehalen.

Wouhinner sinn Är perséinlech Daten transferéiert ?

Am Kader vun enger ëffentlecher Petitioun ginn Är perséinlech Daten un de Centre des technologies de l’information de l’Etat (CTIE) weiderginn, fir Är Inscriptioun an nationale Register vun de physesche Persounen ze verifiéieren.

Et gi keng perséinlech Daten ausserhalb vun der europäescher Unioun transferéiert.  

Wat sinn Är Rechter ?

All Persoun, där hir perséinlech Donnéeë vun der Chamber traitéiert ginn, kënnen déi follgend Rechter geltend maachen.

Allerdéngs, kann d’Chamber Är Demande refuséieren, wann déi net den Exigenzen, déi am Gesetz virgesi sinn, gerecht gëtt.

  • Recht op den Accès op Är perséinlech Daten : Dir kënnt eng Confirmatioun kréien, datt mir Är Daten traitéieren an eng Kopie vun deenen Date kréien.
  • Recht fir ze rektifizéieren : Dir kënnt eng Rektifikatioun vun Äre perséinlechen Donnéeë froen, wann dës falsch oder net komplett sinn.
  • Recht fir Är Donnéeën ze läschen : Dir kënnt eng Demande maachen, fir datt Är perséinlech Date geläscht ginn.
  • Recht op ee limitéierten Traitement : Dir kënnt eng Demande maachen, fir datt d’Chamber verschidden Traitementer just limitéiert duerf maachen.
  • Recht fir sech géint een Traitement ze wieren : Dir kënnt Iech zu all Moment géint een Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeë wieren.
  • Recht op Dateniwwerdrobarkeet : dëst Recht applizéiert sech net op en Traitement, dee fir eng Missioun vu generellen Interessi noutwenneg ass oder dee sech op den Exercice vun enger ëffentlecher Autoritéit bezitt, wou d’Chamber dran engagéiert ass.
  • Recht fir Ären Accord zeréck ze zéien : Dir kënnt zu all Moment den Accord zeréckzéien op deem den Traitement fondéiert ass.
  • Recht fir eng Reklamatioun eranzeginn : Dir kënnt eng Reklamatioun bei der Kontrollautoritéit, der nationaler Dateschutzkommissioun, eraginn, wann Dir dat noutwenneg fannt.  

Fir vun Äre Rechter Gebrauch ze maachen, leet dës Informatioune vir :

  • Numm, Virnumm,
  • E-Mail-Adresse oder Adresse,
  • Am Fall, wou et een Doute iwwert d’Identitéit vun der Persoun gëtt, déi eng Demande stellt, kann d’Chamber weider zousätzlech Informatioune froen, fir d’Identitéit vun der Persoun confirméiert ze kréien, zum Beispill eng Kopie vun der Identitéitskaart.

Schéckt eis dës Informatioune per Lettre recommandée un déi follgend Adresse :

Chambre des Députés

A l’attention du Délégué à la protection des données

23, rue du Marché-aux-Herbes

L-1728 Luxembourg

Schéckt eis keng pièce d’identité iwwer E-Mail.

Wéi sinn Är Donnéeë geschützt ?

D’Chamber verflicht sech technesch an organisatoresch Sécherheetsmesuren en place ze setzen fir Är perséinlech Daten ze schützen.

Fir d’Sécherheet vun der Kollekt vun Äre perséinlechen Date via den Internetsite ze garantéieren, gëtt um Site d’Verschlësselungs-Technologie SSL genotzt fir Är Donnéeën un eis ze schécken.

Kontakt

Fir eis ze kontaktéieren :  

  • Iwwer E-Mail : DPO@chd.lu
  • Iwwer Telefon : (+352) 466 966-385
  • Per Post :

Chambre des Députés

A l’attention du Délégué à la protection des données

23, rue du Marché-aux-Herbes

L-1728 Luxembourg

Versioun 12/01/2021