Géint d'Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d'Steierklass 1A Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d'impôts 2 dans la classe d'impôts 1A

Public petition n°575

Petitioner: Viviane Hansen-Adams

Purpose of the petition

Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d''Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz. oder als Alternative : Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement''en fir Wittfraen a Wittmänner. D''Besteierung soll dem viirechte Liewensstandard ugepasst sin. Abolition du reclassement des veuves/veufs de la classe d''impôts 2 dans la classe d''impôt 1A et modification de la loi respective. ou alternativement Création d''une nouvelle classe d''impôts ou abattements extraordinaires pour veufs / veuves. L''imposition devrait tenir compte du niveau de vie antérieur.

Reason for the petition

LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg iwwer 60 Joer aalsin (54% Fraen a 46% Männer - Statistiken vum 01.01.2015) an datt plus minus d''Hallschent dovunner bestuet ass, da kann én sech jo virstellen datt d''Zuel vun de Wittfraen a Wittmänner an déne nächste Joeren däitlech wäert an d''Luucht goen. Laut dem aktuelle Lëtzebuerger Gesetz, huet den hannerbliwwene Steierzueler d''Recht op Steierklass 2 daat Joer wou de Liewenspartner gestuerwen ass a nach 3 Joer duerno. No dëser Iwwergangsperiod gët hien dann an d''Steierklass 1A reklasséiert waat fir eng Persoun aus dem Mëttelstand heescht datt si +/- 300 Euro pro Mount méi Steieren bezuelen muss. Dës Erhéijung, vun där de Staat natierlech profitéiert, huet awer ganz schlëmm Auswierkungen op déi déi hire Liewenspartner verluer hun. Studien weisen datt Wittfraen a Wittmänner vill éischter ënnert d''Aarmutsgrenz falen wéi de Rescht vun der Populatioun. Et brauch é jo nët ze erwähnen a wéi engem Mooss dësen Zoustand hiert Wuelbefannen an hier Gesondheet beaflosst a bedenkt och datt hiert Gemidd schonn duerch de Verloscht vum Liewenspartner scho béis ugeschloen ass. Nom Doud ännert sech alles am Liewen vum Hannerbliwwenen. D''Deeg si gefëllt vun Trauer a vu Péng, a fir déi, déi Dag a Nuecht, hiren doudkranke Liewenspartner versuergt hun, kënnt och nach d''Erschöpfung dobäi. D''Liewen huet säin Inhalt verluer an déi deeglech Aarbechten heefen sech well den Iwwerliewenden sech ëm alles eleng këmmere muss. Oft muss hien aus dem Haus plënneren well ët ze deier gët oder well hien eleng d''Aarbecht nët méi packt. Alles wat him da bleift ass déi kleng \u201Cpension de survie\u201D fir déi de Liewenspartner säi Liewe laang geschafft huet, mais souguer déi kréien verschiddener vum Staat refuséiert. Dëst ongerecht Reklassement geet ons all eppes un well Wittfra oder Wittmann gin ass kee Choix. Haaptsächlech déi eeler Leit hun d''Kraaft nët méi sech géint dës ongerecht Erhéijung vun de Steieren ze wieren. Déi Hannerbliwwen soll é mat Respekt behandelen. Am Sënn vun der Solidaritéit soll ët engem Staat seng Aufgab sindéi Leit an der Steierklass 2 ze loossen oder eng nei Steierklass oder extra Abattement''en fir d'' Wittfraen a Wittmänner anzeféieren déi dem virrechte Liewensstandard Rechnung droen. Kommt mir hëllefen dëser Generatioun, enger Generatioun déi e groussen Deel vun hirem Liewen fir de Wuelstand vun der aktueller Generatioun geschafft huet.

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 3389 were valid.

Verified signatures

8 540 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

26/10/2015

Opening of the signature collection

30/10/2015

Additional information