Öffentliche n°575

Petitionär/in: Viviane Hansen-Adams

Géint d'Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d'Steierklass 1A Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d'impôts 2 dans la classe d'impôts 1A

Ziel der Petition

Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz. oder als Alternative : Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte ... mehr

Beweggründe für die Petition

LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg ... mehr

abgelaufen  11.12.2015
8540 /4.500
100%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
19.04.2018

Beendigungsbescheid

16.04.2018

Die öffentliche Petition Nr. 575 wurde am 16-04-2018 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Suite au bilan de la Commission

09.01.2017

Von der Regierung unternommene Schritte im Rahmen der Bearbeitung der Petition

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
14.04.2016

Transmission de procès-verbaux

19.02.2016

Eine Stellungnahme betreffend die öffentliche Petition Nr. 575 liegt vor, am 19-02-2016

Parlamentsausschüsse: Commission des Finances et du Budget

Sitzungsprotokolle Sitzungsprotokolle
02.02.2016

Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung betreffend die öffentliche Petition Nr. 575 fand am 02-02-2016 statt

Sitzungsprotokolle Sitzungsprotokolle
14.01.2016

Einladung zur öffentlichen Anhörung

18.12.2015

Gültige Papier- Unterschriften: 5151

18.12.2015

Gültige Online-Unterschriften: 3389

18.12.2015

Die öffentliche Petition Nr. 575 hat am 18-12-2015 das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften erreicht

12.12.2015

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 575 ist am 12-12-2015 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 3625

02.11.2015

Zulässigkeitsbescheid

30.10.2015

Die öffentliche Petition Nr. 575 kann ab dem 30-10-2015 unterschrieben werden

29.10.2015

Die öffentliche Petition Nr. 575 wurde am 29-10-2015 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 30-10-2015 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 11-12-2015 um 23:59

28.10.2015

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 28-10-2015 betreffend die Petition Nr. 575 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

26.10.2015

Die öffentliche Petition Nr. 575 wurde am 26-10-2015 eingereicht.

Titel der Petition: Géint d’Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A

Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôts 1A

 

 

Ziel der Petition: Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz.

oder als Alternative :

Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte Liewensstandard ugepasst sin.

 

Abolition du reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôt 1A et modification de la loi respective.

ou alternativement

Création d’une nouvelle classe d’impôts ou abattements extraordinaires pour veufs / veuves. L’imposition devrait tenir compte du niveau de vie antérieur.

 

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE

 

Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg iwwer 60 Joer aalsin (54% Fraen a 46% Männer - Statistiken vum 01.01.2015) an datt plus minus d’Hallschent dovunner bestuet ass, da kann én sech jo virstellen datt d’Zuel vun de Wittfraen a Wittmänner an déne nächste Joeren däitlech wäert an d’Luucht goen.

Laut dem aktuelle Lëtzebuerger Gesetz, huet den hannerbliwwene Steierzueler d’Recht op Steierklass 2 daat Joer wou de Liewenspartner gestuerwen ass a nach 3 Joer duerno. No dëser Iwwergangsperiod gët hien dann an d’Steierklass 1A reklasséiert waat fir eng Persoun aus dem Mëttelstand heescht datt si +/- 300 Euro pro Mount méi Steieren bezuelen muss.

Dës Erhéijung, vun där de Staat natierlech profitéiert, huet awer ganz schlëmm Auswierkungen op déi déi hire Liewenspartner verluer hun.

Studien weisen datt Wittfraen a Wittmänner vill éischter ënnert d’Aarmutsgrenz falen wéi de Rescht vun der Populatioun. Et brauch é jo nët ze erwähnen a wéi engem Mooss dësen Zoustand hiert Wuelbefannen an hier Gesondheet beaflosst a bedenkt och datt hiert Gemidd schonn duerch de Verloscht vum Liewenspartner scho béis ugeschloen ass.

Nom Doud ännert sech alles am Liewen vum Hannerbliwwenen. D’Deeg si gefëllt vun Trauer a vu Péng, a fir déi, déi Dag a Nuecht, hiren doudkranke Liewenspartner versuergt hun, kënnt och nach d’Erschöpfung dobäi. D’Liewen huet säin Inhalt verluer an déi deeglech Aarbechten heefen sech well den Iwwerliewenden sech ëm alles eleng këmmere muss. Oft muss hien aus dem Haus plënneren well ët ze deier gët oder well hien eleng d’Aarbecht nët méi packt. Alles wat him da bleift ass déi kleng “pension de survie” fir déi de Liewenspartner säi Liewe laang geschafft huet, mais souguer déi kréien verschiddener vum Staat refuséiert.

Dëst ongerecht Reklassement geet ons all eppes un well Wittfra oder Wittmann gin ass kee Choix.

Haaptsächlech déi eeler Leit hun d’Kraaft nët méi sech géint dës ongerecht Erhéijung vun de Steieren ze wieren. Déi Hannerbliwwen soll é mat Respekt behandelen. Am Sënn vun der Solidaritéit soll ët engem Staat seng Aufgab sindéi Leit an der Steierklass 2 ze loossen oder eng nei Steierklass oder extra Abattement’en fir d’ Wittfraen a Wittmänner anzeféieren déi dem virrechte Liewensstandard Rechnung droen.

Kommt mir hëllefen dëser Generatioun, enger Generatioun déi e groussen Deel vun hirem Liewen fir de Wuelstand vun der aktueller Generatioun geschafft huet.

 

26.10.2015

Depot