Ëffentlech n°2983

Petitionnär/in: André Steffen

Ophiewen vun der politescher Entscheedung a Réouverture vun der Garer Police Unitéit esou wéi si virum 1.11.2023 fonctionéiert huet fir méi Schutz vun de Bierger an d'Anhale vun de Gesetzer an der ëffentlecher Uerdnung.

Zil vun der Petitioun

Op all gréisser Gare am Ausland gëtt et eng sougenannten ,,Bahnhofspolizei". Déi ass haaptsächlech zoustänneg an de Gare selwer fir do d'Gefore fir d'ëffentlech Sécherheet oder d'Uerdnung ofzewieren. Dës Aufgabe kennen net duerch eng privat Sécherheetsfirma iwwerholl ginn. Déi deemoleg ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D'Décisioun fir d'Garer Unitéit opzeléisen ass eng Verschlechterung a keng Verbesserung vun der ëffentlecher Sécherheet, mee ee Schratt no hannen. Duerch déi Mesure iwwerléisst een de Kriminelle reegelrecht de Quartier an d'Gare. Et kënnt een ze guer vun enger Kapitulatioun virun der ... méi

ofgelaf  22.02.2024
1088 /4.500
24%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
06.05.2024

Deklaratioun vun der Cloture

30.04.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2983 ass den 30-04-2024 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

13.03.2024

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2983 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-03-2024 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1088

13.03.2024

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1088

23.02.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2983 z'ënnerschreiwen ass den 23-02-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1088

12.01.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2983 ka vum 12-01-2024 un ënnerschriwwe ginn

11.01.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

11.01.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2983 gouf den 11-01-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 12-01-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-02-2024 um 23h59

10.01.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-01-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2983 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

14.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2983 gouf den 14-12-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Ophiewen vun der politescher Entscheedung a Réouverture vun der Garer Police Unitéit esou wéi si virum 1.11.2023 fonctionéiert huet fir méi Schutz vun de Bierger an d'Anhale vun de Gesetzer an der ëffentlecher Uerdnung.

Zil vun der Petitioun: Op all gréisser Gare am Ausland gëtt et eng sougenannten ,,Bahnhofspolizei". Déi ass haaptsächlech zoustänneg an de Gare selwer fir do d'Gefore fir d'ëffentlech Sécherheet oder d'Uerdnung ofzewieren. Dës Aufgabe kennen net duerch eng privat Sécherheetsfirma iwwerholl ginn.

 

Déi deemoleg Unitéit vun der Stater Gare huet an der Lescht aus zirka 30 motivéierte Beamten/Beamtinne bestanen. Si ware 24/7 present, wat fir d' d'Awunner vum Quartier ee méi séchert Gefill war, wéi déi aktuell Situatioun. Duerch déi direkt Presenz vun de Beamten op der Gare an am Quartier konnten Interventioune schnell erfollegen an hunn doduercher och dacks zu engem Erfolleg gefouert.

 

Duerchschnëttlech konnt d'Garer Unitéit 4 Patrullen zesummestellen. Elo stellt de Kommissariat Lëtzebuerg 4 Leit fir d'Gare. 1 Patrull fir de Büro an eng fir just dobausse Presenz ze weisen!

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Décisioun fir d'Garer Unitéit opzeléisen ass eng Verschlechterung a keng Verbesserung vun der ëffentlecher Sécherheet, mee ee Schratt no hannen. Duerch déi Mesure iwwerléisst een de Kriminelle reegelrecht de Quartier an d'Gare. Et kënnt een ze guer vun enger Kapitulatioun virun der Kriminalitéit schwätzen an dat ka fréier oder spéider zu sougenannten ,,No Go Areas" féiere, wéi a verschiddenen Nopeschlänner.

 

Preventioun vu Strofdoten an ee Sécherheetsgefill fir de Bierger a Bewunner an engem sougenannte ,,Quartier chaud", kann een nëmmen duerch eng stänneg Presenz vu Polizisten erreechen.

 

Mee och eis Bevëlkerung, z. B. déi Leit déi all Dag op der Gare den Zuch huelen oder do mam Zuch ukommen, d'Leit déi an der Ëmgéigend vun der Gare schaffen (CNS, Steieramt, CMCM, asw.), d'Leit déi bei de Garer Geschäftsleit akafe wëllen, fillen sech net méi sécher a ginn ëmmer ëfters d'Affer vu Gewaltdoten, déi deels mat Waffen ausgefouert ginn. D'Zuel vun den Iwwerfäll, Kläppereien, Randaler, Déifställ, Abréch an aner kriminell Dote klemmt stänneg. An och d'Gewaltdoten an d'Rebellioune géingt eis Police.

 

Dobäi däerf net vergiess ginn, dass op eiser Gare och international Zich mat Touristen aus alle Länner ukommen. Wier et net berouegend wann déi Leit d'Presenz vun eiser Police op deem een oder anere Quai géife gesinn? Well et ass jo awer och kee Geheimnis, dass och nach aner Leit den Zuch benotze fir z. B. Drogen aus dem Ausland an d'Land ze schmuggelen an elo wëssen, dass d'Gefor op der Gare gepëtzt ze ginn, net méi allzegrouss ass.

 

Dobäi komme jo elo och nei Aufgaben wéi d'Heeschereiverbuet ze kontrolléieren. Dofir brauch ee virun allem Fouss-Patrullen, déi d'Garer Unitéit jo virdru konnt ausféieren an déi elo net méi duerch eng 2-Mann-Patrull kenne gemaach ginn.

 

D'Stater Gare brauch eng selbstänneg Unitéit, déi hir speziell Clientë kennt an esou besser fir d'Uerdnung a Sécherheet suerge kann, a keng Noutléisung!