Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA)

Pétition publique n°3723

Pétitionnaire : Mike Silva Gomes

Objet de la pétition

D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien.

Motivation de la pétition

De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.

Collecte de signatures en cours

Le seuil de 5500 correspond au nombre de signatures requises pour donner lieu à un débat public.

Signatures enregistrées

28 / 5 500

Partager la pétition

Informations clés

Collecte des signatures

Date de dépôt

21/06/2025

Ouverture de la collecte de signatures

18/09/2025

Informations complémentaires