Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) - Pétitions
Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA)
Pétition publique n°3723
Pétitionnaire : Mike Silva Gomes
Objet de la pétition
D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien.
Motivation de la pétition
De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.
Collecte de signatures en cours
Le seuil de 5500 correspond au nombre de signatures requises pour donner lieu à un débat public.
Signatures enregistrées
26 / 5 500
Informations clés
Collecte des signatures
Date de dépôt
21/06/2025
Ouverture de la collecte de signatures
18/09/2025
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
18/09/2025
La pétition publique n°3723 est ouverte à signature, le 18-09-2025
17/09/2025
Déclaration de recevabilité
17/09/2025
La pétition publique n°3723 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 17-09-2025
Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 18-09-2025 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 29-10-2025 à 23h59
17/09/2025
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°3723, le 17-09-2025
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
21/06/2025
La pétition publique n°3723 est déposée, le 21-06-2025
Intitulé de la pétition: Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) But de la pétition: D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien. Motivation de l'intérêt général de la pétition: De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.