Keen Afréiere vum Traitement vum Fonctionnaire am service à temps partiel pour raisons de santé. - Pétitions
Keen Afréiere vum Traitement vum Fonctionnaire am service à temps partiel pour raisons de santé.
Pétition publique n°3888
Pétitionnaire : Jeff Frisch
Objet de la pétition
Dës Petitioun freet datt all Fonctionnaire, deen aus gesondheetleche Grënn net Vollzäit ka schaffen (z.B. opgrond vun enger psychescher Erkrankung, Kriibs, ...), am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon, den neien Traitement genee sou zegutt huet wéi e Fonctionnaire dee Vollzäit schafft.
Motivation de la pétition
Aktuell gesäit den Artikel 34 vum Loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d'avancement des fonctionnaires de l'Etat e.a. vir, datt den Traitement vum leschte Mount geholl gëtt, wou ee Vollzäit geschafft huet. Op där Basis gëtt den neien Traitement festgehal (Salaire vun der Deelzäit plus Kompensatioun). Dësen Traitement bleift awer soulaang onverännert (bis op den Index), bis de Fonctionnaire nees Vollzäit schafft, och wann en am Grad oder am Echelon klëmmt. Dëst stellt eng Ongerechtegkeet duer. Firwat duerfen déi Fonctionnairen am service à temps partiel pour raisons de santé net genee sou am Traitement klamme wéi hir aner Kolleegen, déi Vollzäit schaffen? Mat dëser Petitioun gëtt gefuerdert, den Artikel 34 vum betraffenen Gesetz sou emzeänneren, datt den Traitement net méi agefruer gëtt. Am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon soll d'Kompensatioun vun der Deelzäit klammen: zu deem Montant, datt den neien Traitement dem normalen Traitement a Vollzäit entspriecht.
Collecte de signatures en cours
Le seuil de 5500 correspond au nombre de signatures requises pour donner lieu à un débat public.
Signatures enregistrées
6 / 5 500
Informations clés
Collecte des signatures
Date de dépôt
28/11/2025
Ouverture de la collecte de signatures
13/12/2025
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
28/12/2025
La pétition publique n°3888 est déposée, le 28-12-2025
Intitulé de la pétition: Keen Afréiere vum Traitement vum Fonctionnaire am service à temps partiel pour raisons de santé. But de la pétition: Dës Petitioun freet datt all Fonctionnaire, deen aus gesondheetleche Grënn net Vollzäit ka schaffen (z.B. opgrond vun enger psychescher Erkrankung, Kriibs, ...), am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon, den neien Traitement genee sou zegutt huet wéi e Fonctionnaire dee Vollzäit schafft. Motivation de l'intérêt général de la pétition: Aktuell gesäit den Artikel 34 vum Loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d'avancement des fonctionnaires de l'Etat e.a. vir, datt den Traitement vum leschte Mount geholl gëtt, wou ee Vollzäit geschafft huet. Op där Basis gëtt den neien Traitement festgehal (Salaire vun der Deelzäit plus Kompensatioun). Dësen Traitement bleift awer soulaang onverännert (bis op den Index), bis de Fonctionnaire nees Vollzäit schafft, och wann en am Grad oder am Echelon klëmmt. Dëst stellt eng Ongerechtegkeet duer. Firwat duerfen déi Fonctionnairen am service à temps partiel pour raisons de santé net genee sou am Traitement klamme wéi hir aner Kolleegen, déi Vollzäit schaffen? Mat dëser Petitioun gëtt gefuerdert, den Artikel 34 vum betraffenen Gesetz sou emzeänneren, datt den Traitement net méi agefruer gëtt. Am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon soll d'Kompensatioun vun der Deelzäit klammen: zu deem Montant, datt den neien Traitement dem normalen Traitement a Vollzäit entspriecht.
13/12/2025
La pétition publique n°3888 est ouverte à signature, le 13-12-2025
12/12/2025
Déclaration de recevabilité
11/12/2025
La pétition publique n°3888 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 11-12-2025
Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 13-12-2025 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 23-01-2026 à 23h59
11/12/2025
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°3888, le 11-12-2025
Avis de la Commission des Pétitions: favorable