Fir d'Aféierung vun der Weideschlachtung zu Lëtzebuerg - Pétitions
Fir d'Aféierung vun der Weideschlachtung zu Lëtzebuerg
Pétition publique n°3711
Pétitionnaire : David Delvaux
Objet de la pétition
D'Gesetzgebung zu Lëtzebuerg esou unzepassen, dass d'Weedeschlachtung ënner strenge Bedéngunge legal an duerchféierbar gëtt. D'Weideschlachtung, also d'Schluechte vun engem Déier an der gewinnter Ëmgéigend op der Weed gëtt a ville europäesche Länner wéi Däitschland, Éisträich oder Schwede scho mat Erfolleg ëmgesat. Si stellt eng méi déierefrëndlech, nohalteg a respektvoll Alternativ zu der traditioneller Schluechtung am Schluechthaus duer. D'Fro un d'Chamber ass, de gesetzleche Kader esou unzepassen, dass d'Weideschlachtung zu Lëtzebuerg erlaabt gëtt , ënner Oplage vu kloer definéierte Reegelen.
Motivation de la pétition
Dës Petitioun soll eng wichteg Diskussioun an der Gesellschaft an an der Chamber ausléisen, fir Lëtzebuerg am Beräich vum Déierewuel an der nohalteger Landwirtschaft e Schrëtt no vir ze bréngen. D'Haaptargumenter fir d'Weideschlachtung: • Verbesserung vum Déierewuel: D'Déiere mussen net transportéiert ginn a bleiwen an engem vertraute Milieu. Dat reduzéiert Stress, Angscht a kierperlech Belaaschtung. • Besser Fleeschqualitéit: Wéinst dem reduzéierte Stress gi manner Stresshormoner wéi Adrenalin a Cortisol ausgeschott, wat sech positiv op d'Qualitéit, de Goût an d'Haltbarkeet vum Fleesch auswierkt. • Ëmweltaspekt: Et falen Transportweeër ewech, wat den CO₂-Ausstouss reduzéiert an d'Nohaltegkeet an der Landwirtschaft fërdert. • Stäerkung vu klenge Betriber: D'Méiglechkeet fir op der Weed ze schluechten, ka klengen a mëttelgrousse Betriber hëllefen, méi no beim Konsument ze sinn an de lokale Kreeslaf ze fërderen. Konkret gefrot gëtt: • D'Erlabnes vun der Weideschlachtung ënnert der Leedung vu qualifizéiertem Fachpersonal (z. B. zertifizéierte Veterinär). • Asaz vun enger mobiller Schlachtbox: Fir d'Weideschlachtung effizient a gesetzkonform duerchzeféieren, kéint den Asaz vun enger mobiller Schlachtbox virgesi ginn. Esou eng Box entsprécht héije Standarde vun Hygiene a Sécherheet a kann direkt op der Weed opgestallt ginn. Dëst erméiglecht eng kontrolléiert Schluechtung ënnert professionellen a veterinärlecher Iwwerwaachung, ouni datt d'Déier muss transportéiert ginn. • D'Sécherstellung vun enger gesetzlech gereegelter Prozedur fir d'Hygiène an d'Dokumentatioun. • (D'Transport vum Offall direkt nom Doud vun engem autoriséierte Betrib (wie Rendac). ) • Eng kloer Geneemegungsprozedur duerch d'zoustänneg Autoritéiten, inklusiv Veterinärsdéngscht. Demande un d'Chamber ass, dëse Schrëtt am Sënn vum kollektive Wuel ze ënnerstëtzen an eng gesetzlech Basis fir d'Weideschlachtung zu Lëtzebuerg ze schaafen.
Collecte de signatures en cours
Le seuil de 5500 correspond au nombre de signatures requises pour donner lieu à un débat public.
Signatures enregistrées
45 / 5 500
Informations clés
Collecte des signatures
Date de dépôt
12/06/2025
Ouverture de la collecte de signatures
19/07/2025
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
19/07/2025
La pétition publique n°3711 est ouverte à signature, le 19-07-2025
18/07/2025
Déclaration de recevabilité
16/07/2025
La pétition publique n°3711 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 16-07-2025
Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 19-07-2025 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 29-08-2025 à 23h59
16/07/2025
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°3711, le 16-07-2025
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
12/06/2025
La pétition publique n°3711 est déposée, le 12-06-2025
Intitulé de la pétition: Fir d'Aféierung vun der Weideschlachtung zu Lëtzebuerg But de la pétition: D'Gesetzgebung zu Lëtzebuerg esou unzepassen, dass d'Weedeschlachtung ënner strenge Bedéngunge legal an duerchféierbar gëtt. D'Weideschlachtung, also d'Schluechte vun engem Déier an der gewinnter Ëmgéigend op der Weed gëtt a ville europäesche Länner wéi Däitschland, Éisträich oder Schwede scho mat Erfolleg ëmgesat. Si stellt eng méi déierefrëndlech, nohalteg a respektvoll Alternativ zu der traditioneller Schluechtung am Schluechthaus duer. D'Fro un d'Chamber ass, de gesetzleche Kader esou unzepassen, dass d'Weideschlachtung zu Lëtzebuerg erlaabt gëtt , ënner Oplage vu kloer definéierte Reegelen. Motivation de l'intérêt général de la pétition: Dës Petitioun soll eng wichteg Diskussioun an der Gesellschaft an an der Chamber ausléisen, fir Lëtzebuerg am Beräich vum Déierewuel an der nohalteger Landwirtschaft e Schrëtt no vir ze bréngen. D'Haaptargumenter fir d'Weideschlachtung: • Verbesserung vum Déierewuel: D'Déiere mussen net transportéiert ginn a bleiwen an engem vertraute Milieu. Dat reduzéiert Stress, Angscht a kierperlech Belaaschtung. • Besser Fleeschqualitéit: Wéinst dem reduzéierte Stress gi manner Stresshormoner wéi Adrenalin a Cortisol ausgeschott, wat sech positiv op d'Qualitéit, de Goût an d'Haltbarkeet vum Fleesch auswierkt. • Ëmweltaspekt: Et falen Transportweeër ewech, wat den CO₂-Ausstouss reduzéiert an d'Nohaltegkeet an der Landwirtschaft fërdert. • Stäerkung vu klenge Betriber: D'Méiglechkeet fir op der Weed ze schluechten, ka klengen a mëttelgrousse Betriber hëllefen, méi no beim Konsument ze sinn an de lokale Kreeslaf ze fërderen. Konkret gefrot gëtt: • D'Erlabnes vun der Weideschlachtung ënnert der Leedung vu qualifizéiertem Fachpersonal (z. B. zertifizéierte Veterinär). • Asaz vun enger mobiller Schlachtbox: Fir d'Weideschlachtung effizient a gesetzkonform duerchzeféieren, kéint den Asaz vun enger mobiller Schlachtbox virgesi ginn. Esou eng Box entsprécht héije Standarde vun Hygiene a Sécherheet a kann direkt op der Weed opgestallt ginn. Dëst erméiglecht eng kontrolléiert Schluechtung ënnert professionellen a veterinärlecher Iwwerwaachung, ouni datt d'Déier muss transportéiert ginn. • D'Sécherstellung vun enger gesetzlech gereegelter Prozedur fir d'Hygiène an d'Dokumentatioun. • (D'Transport vum Offall direkt nom Doud vun engem autoriséierte Betrib (wie Rendac). ) • Eng kloer Geneemegungsprozedur duerch d'zoustänneg Autoritéiten, inklusiv Veterinärsdéngscht. Demande un d'Chamber ass, dëse Schrëtt am Sënn vum kollektive Wuel ze ënnerstëtzen an eng gesetzlech Basis fir d'Weideschlachtung zu Lëtzebuerg ze schaafen.