Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt. - Pétitions
Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.
Pétition publique n°3120
Pétitionnaire : Arlind Veliqi
Objet de la pétition
Des Petitioun huet d'Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn. Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D'Aarbechtswelt muss attraktiv gemaach ginn, zumools fir Jonker, an dofir ass den CAE net geduecht. Et ass fir d' Ufänger, d'Aarbechtswelt attraktiv ze maachen an se och esou ze halen.
Motivation de la pétition
Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer. Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann verbonnen gin. Den onfaire Loun fir déi Aarbechter mat engem CAE, brenge vill dozou net mei weider wëllen ze schafen oder gesinn d'Aarbechtswelt net mei als eng fair Platz. D'Tachen sinn an de meeschten Fäll identesch, wei déi vun den normalen Aarbechter. Mineure kréien automatesch 80% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Majeuren déi keen Diplom hunn oder een DAP hunn oder een 11èmeTechnique/Technicien Ofschloss oder een 13ème Technique/Technicien Ofschloss hunn, kréien mat engem CAE Kontrakt just den onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Jonker déi een BTS oder Bachelor/Master hunn, kréien 130% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Dëse Kontrakt besteet 12 Méint a ka bis zu 6 Méint verlängert ginn. Wat och ganz vill Jonker mat engem CAE erliewen, ass dass se no den 12 Méint oder 18 Méint op der Aarbechtsplaz mol net als CDD oder CDI ugeholl ginn. Et ass dofir dringend neidesch, d'Konditiounen ze änneren oder dësen Kontrakt komplett ofzeschafen.
Collecte des signatures enregistrées
Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 16 signatures sont valides.
Signatures validées
16 / 4 500
Informations clés
Reclassement en pétition ordinaire
Date de dépôt
22/03/2024
Ouverture de la collecte de signatures
07/06/2024
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
25/09/2024
Reclassement de la pétition publique, n'ayant pas atteint le seuil de 4500 signatures, en pétition ordinaire n°3120, le 25-09-2024
11/09/2024
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
11/09/2024
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°3120, le 11-09-2024 - Nombre de signatures après validation: 16
11/09/2024
Signatures électroniques validées: 16
19/07/2024
La période de signature de la pétition publique n°3120 est clôturée, le 19-07-2024 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 16
07/06/2024
La pétition publique n°3120 est ouverte à signature, le 07-06-2024
06/06/2024
Déclaration de recevabilité
06/06/2024
La pétition publique n°3120 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 06-06-2024
Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 07-06-2024 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 18-07-2024 à 23h59
05/06/2024
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°3120, le 05-06-2024
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
22/03/2024
La pétition publique n°3120 est déposée, le 22-03-2024
Intitulé de la pétition: Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt. But de la pétition: Des Petitioun huet d'Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn. Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D'Aarbechtswelt muss attraktiv gemaach ginn, zumools fir Jonker, an dofir ass den CAE net geduecht. Et ass fir d' Ufänger, d'Aarbechtswelt attraktiv ze maachen an se och esou ze halen. Motivation de l'intérêt général de la pétition: Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer. Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann verbonnen gin. Den onfaire Loun fir déi Aarbechter mat engem CAE, brenge vill dozou net mei weider wëllen ze schafen oder gesinn d'Aarbechtswelt net mei als eng fair Platz. D'Tachen sinn an de meeschten Fäll identesch, wei déi vun den normalen Aarbechter. Mineure kréien automatesch 80% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Majeuren déi keen Diplom hunn oder een DAP hunn oder een 11èmeTechnique/Technicien Ofschloss oder een 13ème Technique/Technicien Ofschloss hunn, kréien mat engem CAE Kontrakt just den onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Jonker déi een BTS oder Bachelor/Master hunn, kréien 130% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Dëse Kontrakt besteet 12 Méint a ka bis zu 6 Méint verlängert ginn. Wat och ganz vill Jonker mat engem CAE erliewen, ass dass se no den 12 Méint oder 18 Méint op der Aarbechtsplaz mol net als CDD oder CDI ugeholl ginn. Et ass dofir dringend neidesch, d'Konditiounen ze änneren oder dësen Kontrakt komplett ofzeschafen.