Fir déi jäerlech Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun

Pétition publique n°2438

Pétitionnaire : André Schmit

Objet de la pétition

Et geet drëm ze verhënneren dat een duerch Bezuelen vun Index Tranchen nit méi Steieren bezilt an deem Steier Tabellen un Inflatioun ugepasst gett an dat am beschten ex-ante zu der erwaarter Inflatioun am Joer X +1. Eng Ex-post Upassung ass och nach emmer besser wei keng. Dei sougenannte kal Progressioun mécht och Dausenden vun Leit aus dem Niddereg Loun Feld, dei keng Steieren bezilt hunn, zu Steier Pflichtegen ouni dat se reell och nemmen een Cent méi verdéngen géifen. Deen groussen Profiteur ass de Staat deen ouni een Fanger kromm ze maachen duerch Steier Progressioun emmer méi Steieren kritt. A contrario heescht dat Steierzueler den Ausgläich vun der Deierreg duerch Index Tranchen nemmen deelweis kompenséiert kréien an emmer méi veraarmen. Et kann een och fir gesinn dat Tabellen an deen héchsten Stuffen nemmen deelweis oder guer nit ugepasst ginn oder nei Stuffen derbai kommen. Lëtzebuerg ass een vun deen wéinegen Länner an der EU wou Steier Tabellen nit Inflatiouns berengegt ginn. Besonnesch an Zäiten vun heeger Inflatioun gett dei heemlech Steier Erhéiung emmer méi ongerecht. Et ass keen Steier Cadeau a wann een méi laang wäert gett emmer méi schwiereg den Ausfall vun den ongerecht agedriwwen en Steieren ze kompenséieren . Et ass schlëmm genuch dat de Staat mengt Upassung fir net ze finanzéieren. Dat ass wahrscheinlech richteg, well een iwwert sengen finanziellen Verhältnisser lieft an Suen ausgëtt dei him eigentlech nit gehéieren .

Motivation de la pétition

Motivatioun erkläert sech per se duerch den But. Mei Steiergerechtegkeet fir jidder een..

Collecte des signatures enregistrées

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 464 signatures sont valides.

Signatures validées

464 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Reclassement en pétition ordinaire

Date de dépôt

10/08/2022

Ouverture de la collecte de signatures

17/09/2022

Informations complémentaires