Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren

Pétition publique n°1878

Pétitionnaire : Olivier Betz

Objet de la pétition

Dei Mamm oder deen Papp deen sech dozou entscheed net schaffen zegoen mee doheem ze bleiwen fier seng Kanner nierft der Schoul doheem ze erzeien, sollten vum Staat dofier gehollef kreien finanziell. Ideal wier et do zb vum Alter vum Kand vun 0 Joer bis zum 15 Liewensjoer. Während der Zeit sollten d'Famillen och een Revenue minimal kreien fier d'Kannererziehung.

Motivation de la pétition

Wann ee keng Arbescht huet an op der Sich ass no enger Arbescht, kritt ee vum Staat den Chomage. Kritt ee keen Chomage mei kann een de Revis ufroen sou condition dass een op der Sich no enger Arbescht ass. Heescht soubaal een op der Sich ass no Arbescht gett ee vum Staat finanziell ennerstetzt. Wann een sech awer lo dozou entscheet doheem ze bleiwen fir seng Kanner nierft der Schoul, doheem zehaalen an net an eng Structur ze schecken, dann gett een net ennerstetzt. Deen Modèle ass net ganz kannerfrendlech. Vill Kanner mussen vun moies 7 bis speit an den Daag ran an enger Stuctur versuegt gin well d' Mama an de Papa mussen de ganzen Daag schaffen goen well et soss net finanziell opgeet......daat sollt net sou sin. D'Kanner sollen eng Meiglechkeet hun fier doheem grouss zegin, natierlech sollt den sozialen Aspekt net feelen deen duerch sou eng Structur zu Staan kennt, mee d'Kanner sollten net de ganzen Daag fort sin vun doheem. Dofier dess Petitioun fier ze froen dass d'Famille finanziell ennerstetzt soll gin vum Staat fier eng Erziehung doheem.

Collecte des signatures enregistrées

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 4419 signatures sont valides.

Signatures validées

4 419 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Seuil non atteint

Date de dépôt

17/05/2021

Ouverture de la collecte de signatures

04/06/2021

Informations complémentaires