Fir e Verbuet vun der Klappjuegd - Pétitions
Fir e Verbuet vun der Klappjuegd
Pétition publique n°1156
Pétitionnaire : Mike Clemens
Objet de la pétition
D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.
Motivation de la pétition
Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d'Uviséieren a verréngert d'Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d'Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden. Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d'A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d'Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d'Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d'Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d'Strooss gekräizt huet. Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d'Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d'Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen.
Débat public
Fir e Verbuet vun der Klappjuegd
Pétition publique n°1156
Informations clés
Seuil atteint - passe en débat public
Date de dépôt
23/11/2018
Ouverture de la collecte de signatures
20/12/2018
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
- 08/01/2020 - Un échange de vues a eu lieu le 08-01-2020 au sujet de la pétition publique n°1156 - Procès-verbaux de réunion 
- 27/11/2019 - Un échange de vues a eu lieu le 27-11-2019 au sujet de la pétition publique n°1156 - Procès-verbaux de réunion 
- 05/07/2019 - La pétition publique n°1156 est renvoyée en commission(s), le 05-07-2019 - Commissions parlementaire: Commission de l'Environnement, du Climat, de l'Energie et de l'Aménagement du territoire 
- 05/07/2019 - Un débat public en commission a eu lieu le 05-07-2019 au sujet de la pétition publique n°1156 - Procès-verbaux de réunion 
- 14/02/2019 - Signatures électroniques validées: 6562 
- 14/02/2019 - Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°1156, le 14-02-2019 
- 31/01/2019 - La période de signature de la pétition publique n°1156 est clôturée, le 31-01-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 6752 
- 20/12/2018 - La pétition publique n°1156 est ouverte à signature, le 20-12-2018 
- 20/12/2018 - Déclaration de recevabilité 
- 17/12/2018 - La pétition publique n°1156 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 17-12-2018 - Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 20-12-2018 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 31-01-2019 à 23h59 
- 13/12/2018 - La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1156, le 13-12-2018 - Avis de la Commission des Pétitions: favorable 
- 23/11/2018 - La pétition publique n°1156 est déposée, le 23-11-2018 - Intitulé de la pétition: Fir e Verbuet vun der Klappjuegd But de la pétition: D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn. Motivation de l'intérêt général de la pétition: Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d'Uviséieren a verréngert d'Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d'Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden. Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d'A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d'Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d'Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d'Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d'Strooss gekräizt huet. Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d'Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d'Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen. 
Collecte des signatures terminée
Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 6562 signatures sont valides.
Signatures validées
6 562 / 4 500