Öffentliche n°927

Petitionär/in: Mathieu Putz

Méi ambitiéis Klimazieler

Ziel der Petition

Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de ... mehr

Beweggründe für die Petition

Schonns elo entstinn duerch d’Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d’Natur a fir de Mënsch. D’Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d’Zukunftsperspektiven an d’Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D’Konsequenze vum ... mehr

abgelaufen  01.03.2018
178 /4.500
4%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
18.04.2018

Beendigungsbescheid

16.04.2018

Die öffentliche Petition Nr. 927 wurde am 16-04-2018 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Pas de poursuite de l'instruction

06.03.2018

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

02.03.2018

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 927 ist am 02-03-2018 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 178

02.03.2018

Gültige Online-Unterschriften: 178

02.03.2018

Die öffentliche Petition Nr. 927 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 02-03-2018 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 178

18.01.2018

Die öffentliche Petition Nr. 927 kann ab dem 18-01-2018 unterschrieben werden

17.01.2018

Zulässigkeitsbescheid

12.01.2018

Die öffentliche Petition Nr. 927 wurde am 12-01-2018 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 18-01-2018 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 01-03-2018 um 23:59

10.01.2018

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 10-01-2018 betreffend die Petition Nr. 927 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

21.12.2017

Die öffentliche Petition Nr. 927 wurde am 21-12-2017 eingereicht.

Titel der Petition: Méi ambitiéis Klimazieler

Ziel der Petition: Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter).

Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn:

• Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien.

• En attraktiven ëffentlechen Transport.

• Staatlech Ënnerstëtzung fir d’Elektromobilitéit.

• Eng Erhéijung vun de Steieren op all d’fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin.

• Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn.

• Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Schonns elo entstinn duerch d’Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d’Natur a fir de Mënsch. D’Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d’Zukunftsperspektiven an d’Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D’Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z’ënnerhuelen.

Ironesch ass, dass erneierbar Energie, ‘par définition même’, inevitabel ass. D’Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d’Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d’Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d’Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen.

Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor.

Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland.

Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché.

Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.