Méi ambitiéis Klimazieler - Die Petitionen
Méi ambitiéis Klimazieler
Öffentliche Petition Nr.927
Petent: Mathieu Putz
Ziel der Petition
Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter). Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn: - Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien. - En attraktiven ëffentlechen Transport. - Staatlech Ënnerstëtzung fir d'Elektromobilitéit. - Eng Erhéijung vun de Steieren op all d'fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin. - Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn. - Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien.
Begründung der Petition
Schonns elo entstinn duerch d'Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d'Natur a fir de Mënsch. D'Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d'Zukunftsperspektiven an d'Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D'Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z'ënnerhuelen. Ironesch ass, dass erneierbar Energie, 'par définition même', inevitabel ass. D'Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d'Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d'Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d'Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen. Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor. Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland. Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché. Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.
Unterschriftensammlung abgeschlossen
Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 178 Unterschriften gültig.
Gültige Unterschriften
178 / 4 500
Wichtige Informationen
Abgeschlossen
Datum der Einreichung
20/12/2017
Öffnung der Unterschriftensammlung
18/01/2018
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
18/04/2018
Beendigungsbescheid
16/04/2018
Die öffentliche Petition Nr. 927 wurde am 16-04-2018 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Pas de poursuite de l'instruction
06/03/2018
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
02/03/2018
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 927 ist am 02-03-2018 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 178
02/03/2018
Gültige Online-Unterschriften: 178
02/03/2018
Die öffentliche Petition Nr. 927 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 02-03-2018 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 178
18/01/2018
Die öffentliche Petition Nr. 927 kann ab dem 18-01-2018 unterschrieben werden
17/01/2018
Zulässigkeitsbescheid
12/01/2018
Die öffentliche Petition Nr. 927 wurde am 12-01-2018 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig Beginn der Unterschriftsphase : 18-01-2018 um 0:00 Ende der Unterschriftsphase : 01-03-2018 um 23:59
10/01/2018
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 10-01-2018 betreffend die Petition Nr. 927 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
21/12/2017
Die öffentliche Petition Nr. 927 wurde am 21-12-2017 eingereicht.
Titel der Petition: Méi ambitiéis Klimazieler Ziel der Petition: Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de Kapp. Mir proposéieren eng Reduktioun op een Drëttel vum aktuelle Wäert (à discuter). Dëst soll ënner anerem duerch folgend Moossnamen erreecht ginn: \u2022 Eng méi autonom (dezentraliséiert?) Stroumproduktioun aus exklusiv erneierbaren Energien. \u2022 En attraktiven ëffentlechen Transport. \u2022 Staatlech Ënnerstëtzung fir d'Elektromobilitéit. \u2022 Eng Erhéijung vun de Steieren op all d'fossil Energiequellen, inklusiv Diesel a Bensin. \u2022 Eng genau Analys vu weidere méigleche Moossnamen, ënner anerem am Agrikultur- an am Bausecteur. Och déi kënschtlech CO2-Extraktioun aus der Atmosphär, déi leider riskéiert inevitabel ze ginn, kann an dësem Kontext erfuerscht ginn. \u2022 Experimenter mat innovative gréngen Ëmwelttechnologien. Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Schonns elo entstinn duerch d'Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d'Natur a fir de Mënsch. D'Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d'Zukunftsperspektiven an d'Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D'Konsequenze vum Klimawandel sinn och a Lëtzebuerg ze spieren a kéinten a wéinege Joerzéngten och hei méi katastrophal Ausmoossen unhuelen. Et ass dowéinst net nëmmen eis moralesch Responsabilitéit, mä och an eisem eegenen Interêt, schnellstméiglech eppes heigéint z'ënnerhuelen. Ironesch ass, dass erneierbar Energie, 'par définition même', inevitabel ass. D'Fro op des onweigerlech Transitioun 20 Joer méi fréi oder méi spéit kënnt, decidéiert dobäi iwwer d'Schicksal vun eiser Biodiversitéit, iwwer Millioune vu Mënscheliewen a kéint eis och extrem héich Zommen un Entwécklungsgelder spueren. Schonn haut gesinn sech d'Industrielänner verflicht den Entwécklungslänner 12-stelleg Beträg fir d'Bekämpfung vun de Folge vum Klimawandel ze verspriechen. Momentan spillt Lëtzebuerg leider keng Virreiderroll. Au contraire: Mir bidden zum Beispill Bensin an Diesel extra déif Steiersätz, a fuerdere soumat indirekt de Verbrennungsmotor. Lëtzebuerg ass och nach wäit dovun säin eegene grénge Stroum ze produzéieren. Munch aner Plazen dogéint hu schonn haut Stroum deen zu 100% aus erneierbare Quelle kënnt, wéi z.B. Norwegen oder Schleswig-Holstein an Däitschland. Wann et em déi ambitiéisten Zielsetzunge geet, denkt ee momentan eventuell un den Technologieszentrum Kalifornien, ma leider net un de Grand-Duché. Dat soll sech änneren! Lëtzebuerg soll beweisen dass et zukunftsorientéiert an innovativ ass, andeems et der Welt de Wee zur Nohaltegkeet demonstréiert.