Fir eng méi konsequent Politik géint haart Drogen am ëffentleche Raum - Die Petitionen
Fir eng méi konsequent Politik géint haart Drogen am ëffentleche Raum
Öffentliche Petition Nr.4131
Petent: Dale Oswald
Diese Petition ist in weiteren Sprachen verfügbar:
Ziel der Petition
D'Haaptzil vun dëser Petitioun ass et, d'ëffentlech Sécherheet an d'Sécherheetsgefill vun de Biergerinnen a Bierger am ëffentleche Raum ze stäerken. Dofir fuerderen mir eng méi konsequent Uwendung an Duerchsetzung vun de bestehende Gesetzer géint de Besëtz, de Konsum an den Handel mat haarden Drogen ausserhalb vun de gesetzlech virgesinnenen a kontrolléierte Strukturen, souwéi méi ofschreckend Sanktioune fir déi betreffend Verstéiss. Gläichzäiteg ënnerstëtzt d'Petitioun de Weiderbestand vun de spezialiséierten Hëllefs- a Betreiungsstrukture fir drogenofhängeg Persounen.
Begründung der Petition
An de leschte Jore gouf a verschiddene Géigende vum Land eng zouhuelend Präsenz vu Persounen observéiert, déi haart Drogen am ëffentleche Raum konsuméieren oder mat sech droen. Dës Substanze stellen eng Gefor fir d'ëffentlech Sécherheet. D' Persounen, déi ënner dem Afloss vun esou Substanze stinn, sin onberechenbar. Zousätzlech ginn dacks benotzten Drogenutensilien an Sprëtzen zereck geloos, net nëmmen op ëffentleche Plazen, mee och an ënnerierdesche Parkingen, an den allgemenge Beräicher vu Wunnresidenzen an op anere Plazen, déi vu ville Leit benotzt ginn (Parken, Spillplatzen). Dëst stellt e seriéise Gesondheets- a Sécherheetsrisiko duer, besonnesch fir Kanner, Awunner, Botzpersonal an aner Persounen, déi sech un esou Sprëtze verletze kënnen. Dofir fuerdere mir: • eng konsequent Kontroll an Uwendung vun de bestehende Gesetzer géint de Besëtz an de Konsum vun haarden Drogen ausserhalb vun den autoriséierte Strukturen; • d'Aféierung vun enger Mindestprisongsstrof vun 1 Joer fir Verstéiss am Zesummenhang mam Besëtz, Konsum oder Handel mat haarden Drogen ausserhalb vun de gesetzlech virgesinnenen a kontrolléierte Strukturen; • d'Méiglechkeet vu Prisongsstrofe vu bis zu 10 Joer a besonnesch schwéieren oder widderhuelte Fäll; Mir erkennen un, datt et zu Lëtzebuerg speziell Ariichtunge gëtt, an deenen drogenofhängeg Persounen Hëllef, medezinesch Betreiung, proppert Injektiounsmaterial an Ënnerstëtzung beim Ausstig aus der Sucht kréien. Dës Hëllefsstrukture spillen eng wichteg Roll fir d'Gesondheet an d'Sécherheet vun de Betraffenen an der Allgemengheet ze schützen a solle weiderhi bestoe bleiwen. D'Fuerderunge vun dëser Petitioun bezéie sech net op dës Ariichtungen, mee op de Besëtz an de Konsum vun haarden Drogen ausserhalb vun de gesetzlech virgesinnenen a kontrolléierte Strukturen.
Wichtige Informationen
Überprüfung der Unterschriften
Datum der Einreichung
29/05/2026
Öffnung der Unterschriftensammlung
25/06/2026
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
08/08/2026
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 4131 ist am 08-08-2026 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 32
29/06/2026
Die Frist zum Unterschreiben für die öffentliche Petition Nr. 4131 ist am 29-06-2026 bis zum 07-08-2026 verlängert worden
Neues Enddatum der Unterschriftsphase: 07-08-2026
25/06/2026
Die öffentliche Petition Nr. 4131 kann ab dem 25-06-2026 unterschrieben werden
24/06/2026
Die öffentliche Petition Nr. 4131 wurde am 24-06-2026 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig Beginn der Unterschriftsphase : 25-06-2026 um 0:00 Ende der Unterschriftsphase : 05-08-2026 um 23:59
Zeitraum der Unterschriftensammlung abgeschlossen
Die Gültigkeit der registrierten Unterschriften wird derzeit geprüft.
Eingetragene Unterschriften
32 / 5 500