Fir de Schutz vun de Kanner an de Respekt vun den Elteren, Kulturen a Reliounen beim Unterrecht iwwer Sexualitéit an emotional Erzéiung an der Grondschoul

Öffentliche Petition Nr.4115

Petent: Steve Schmitz

Diese Petition ist in weiteren Sprachen verfügbar:

Ziel der Petition

Dës Petitioun fuerdert eng grondsätzlech Iwwerpréiwung vum Unterrecht iwwer Sexualitéit an emotional Erzéiung an de Lëtzebuerger Grondschoulen, besonnesch an de Cyclen 1 bis 3, fir de Schutz vun der Kandheet, de Respekt vun den Elteren, de kulturellen a reliéise Wäerter an d'altersgerecht Entwécklung vum Kand ze garantéieren.

Begründung der Petition

Vill Elteren zu Lëtzebuerg maachen sech grouss Suergen doriwwer, datt verschidden Themen am Beräich vun der Sexualitéit an emotionaler Erzéiung ëmmer méi fréi an de Schoule behandelt ginn, obwuel vill Kanner am Cycle 1 bis 3 nach net déi néideg emotional a psychologesch Reife hunn, fir esou sensibel Inhalter richteg ze verstoen an ze verschaffen. Vill Famillje fillen sech net genuch respektéiert an hirem Erzéiungsrecht, hire kulturelle Wäerter oder hire reliéisen Iwwerzeegungen. D'Erzéiung vun de Kanner, besonnesch bei sensibelen Themen wéi Sexualitéit, Intimitéit an Identitéit, muss virun allem an der Verantwortung vun den Eltere bleiwen. Dës Petitioun riicht sech net géint eng basis Gesondheets- oder Präventiounserzéiung, mee géint eng ze fréi, ze detailléiert oder ideologesch beaflosst Approche bei jonke Kanner. D'Kandheet muss geschützt bleiwen, an d'Schoul däerf net géint d'Iwwerzeegungen an d'Wäerter vun de Famillje schaffen. Fir datt keng Themen am Beräich Sexualitéit, Geschlechtsidentitéit oder intim-affektiv Erzéiung an de Cyclen 1 bis 3 behandelt ginn; datt sensibel Themen eréischt an engem méi passenden Alter a mat psychologescher Reife vum Kand behandelt ginn; e komplette Respekt vum Erzéiungsrecht vun den Elteren; de Respekt vun de kulturellen, moraleschen a reliéisen Iwwerzeegunge vun de Familljen; eng total Transparenz iwwer all pedagogescht Material, Interventiounen an extern Organisatiounen; datt Elteren am Viraus obligatoresch informéiert ginn an hiert ausdrécklecht Averständnis musse ginn; d'Recht fir Elteren, hir Kanner ouni Konsequenzen vun esou Coursen ofzemellen; eng strikt pedagogesch a politesch Neutralitéit an de Schoulen; eng national ëffentlech Debatt iwwer de Schutz vun der Kandheet an d'Grenze vun der Schoulerzéiung bei sensibelen Themen. Vill Bierger zu Lëtzebuerg wënschen sech eng Schoul, déi sech op Basiswëssen, Respekt,Sprooch, Sécherheet an d'Wuel vum Kand konzentréiert, ouni ze fréi sensibel Themen an d'Kandheet eran ze bréngen. D'Rechter vun den Elteren, de Schutz vun de Kanner an de Respekt vun de Familljewäerter musse Prioritéit hunn.

Wichtige Informationen

Zulässig

Datum der Einreichung

16/05/2026

Öffnung der Unterschriftensammlung

04/06/2026

Zusätzliche Informationen

Zulässig

Die Schwelle von 5500 entspricht der Anzahl der Unterschriften, die erforderlich sind, um eine öffentliche Anhörung auszulösen.

Eingetragene Unterschriften

0 / 5 500

Die Petition teilen