Fir méi proportional a gerecht Geldstrofen bei Vitessiwwerschreidungen

Öffentliche Petition Nr.4107

Petent: Celestino Fecchi

Ziel der Petition

Dës Petitioun huet als Zil, zu Lëtzebuerg e méi gerechten a méi proportionale System vu Geldstrofen bei Vitessiwwerschreidungen anzeféieren. D'Verkéierssécherheet muss eng absolut Prioritéit bleiwen, an geféierlecht Verhalen am Stroosseverkéier soll weiderhin streng bestrooft ginn. Awer vill Bierger hunn haut d'Gefill, datt den aktuelle System net ëmmer genuch tëscht engem klenge Feeler an engem wierklech geféierleche Verhalen ënnerscheet. Et schéngt schwéier ze verstoen, datt eng Persoun, déi an enger 50er-Zon mat 51 km/h geblëtzt gëtt nom Toleranzofzéien, aktuell déi selwecht Geldstrof bezilt wéi eng Persoun, déi mat 69 km/h kontrolléiert gëtt. Obwuel de Risiko an d'Responsabilitéit net vergläichbar sinn, bleift d'Sanktioun identesch. Déi selwecht Situatioun fënnt een och bei 30er-Zonen, op Landstroossen oder op der Autobunn. Dës Petitioun fuerdert dofir eng méi fair an differenzéiert Staffelung vun de Sanktiounen, déi besser un d'Gravitéit vun der effektiver Vitessiwwerschreidung ugepasst ass. Eng gerecht a verständlech Regelung géif net nëmmen d'Gefill vu Fairness stäerken, mee och d'Akzeptanz vum System bei de Bierger verbesseren. Well eng Sanktioun gëtt vill besser akzeptéiert, wann si als gerecht a logesch empfonnt gëtt. D'Zil vun dëser Petitioun ass also net, Vitessiwwerschreidungen ze vernoléissegen, mee e System ze schafen, deen Sécherheet a Gerechtegkeet besser matenee verbënnt.

Begründung der Petition

D'Verkéierssécherheet ass am Interessi vun der ganzer Gesellschaft a muss eng Prioritéit bleiwen. Sanktioune bei Vitessiwwerschreidunge si wichteg, fir geféierlecht Verhalen am Stroosseverkéier ze reduzéieren an d'Sécherheet vun allen Usager ze garantéieren. Allerdéngs gëtt den aktuelle System vu ville Bierger als net genuch proportional empfonnt. Kleng Vitessiwwerschreidunge kënnen aktuell mat där selwechter Geldstrof bestrooft ginn wéi däitlech méi héich Iwwerschreitungen. Beispillsweis bezilt eng Persoun, déi an enger 50er-Zon mat 51 km/h geblëtzt gëtt nom Toleranzofzéien, déi selwecht Geldstrof wéi eng Persoun, déi mat 69 km/h kontrolléiert gëtt. Déi selwecht Problematik besteet och bei anere Vitesslimitten wéi 30, 90 oder 130 km/h. Dëst féiert bei engem Deel vun der Bevëlkerung zu engem Gefill vu Ongerechtegkeet an enger feelender Differenzéierung tëscht engem minimale Feeler an engem wierklech geféierleche Verhalen. D'Petitioun verfollegt dofir den Interessi vun enger méi gerechter, méi verständlecher a méi proportionaler Staffelung vun de Sanktiounen, ouni d'Wichtegkeet vun der Verkéierssécherheet a Fro ze stellen.

Wichtige Informationen

Zulässig

Datum der Einreichung

13/05/2026

Öffnung der Unterschriftensammlung

04/06/2026

Zusätzliche Informationen

Zulässig

Die Schwelle von 5500 entspricht der Anzahl der Unterschriften, die erforderlich sind, um eine öffentliche Anhörung auszulösen.

Eingetragene Unterschriften

0 / 5 500

Die Petition teilen