Erweidert Erstattung vu Zännkrounen bei genetesch a laangjäreg Zännproblemer

Öffentliche Petition Nr.4102

Petent: Raphaël Marx

Ziel der Petition

D'Zil vun dëser Petitioun ass folgend: d'Regelen vun der finanzieller Käschterechung fir Zännkrounen an der nationaler Gesondheetsversécherung ze verbesseren, fir datt Leit mat genetesch bedéngten oder laangjäregen Zännproblemer eng méi gerecht an adequat finanziell Ënnerstëtzung kréien.

Begründung der Petition

D'Zänn- a Mëndegesondheet ass e wichtegen Deel vun der allgemenger Gesondheet an huet en direkten Afloss op d'Liewensqualitéit, d'Gesondheet an d'psychologescht Wuelbefannen. Obwuel aktuell e gewëssen Deel vun de Käschte fir Zännkrounen duerch d'Caisse Nationale de Santé zeréckerstatt gëtt, bleift den Undeel vun de Patientekäschten dacks héich. Wéinst de staark variéierende a generell héije Präisser vun Zännkrounen ass et fir vill Leit net méiglech, déi néideg Behandlung ze finanzéieren. Dëst betrëfft besonnesch Persounen mat chroneschen oder laangjäregen Zännproblemer, bei deenen sech den Zoustand trotz regelméissege Kontrollë beim Zänndokter (zum Beispill all sechs Méint mat dokumentéierte Rapporte) progressiv verschlechtert. Déi finanziell Belaaschtung féiert dozou, datt néideg medezinesch Behandlungen oft verspéit oder net duerchgefouert ginn, wat net nëmmen d'Zänn, mee och d'allgemeng Gesondheet a psychologescht Wuelbefannen negativ beaflosse kann. Et gëtt dofir gefuerdert, d'Konditioune fir d'Käschterechung vu Zännkrounen esou unzepassen, datt bei medezinesch nogewisene chroneschen oder laangjäregen Zännproblemer eng méi héich oder vollstänneg Iwwerhuelung méiglech ass. Zil ass et, eng méi gerecht a sozial equilibréiert Gesondheetsversuergung ze garantéieren, déi den reelle medezinesche Bedierfnesser vun de Leit besser entsprécht.

Wichtige Informationen

Zulässig

Datum der Einreichung

11/05/2026

Öffnung der Unterschriftensammlung

04/06/2026

Zusätzliche Informationen

Zulässig

Die Schwelle von 5500 entspricht der Anzahl der Unterschriften, die erforderlich sind, um eine öffentliche Anhörung auszulösen.

Eingetragene Unterschriften

0 / 5 500

Die Petition teilen