Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.

Öffentliche Petition Nr.2840

Petent: Vicky Wishof

Ziel der Petition

Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser Zesummenaarbecht tëscht alle Bedeelegten am Land an iwwert d'Grenz eraus sinn. Eltere brauche méi Entlaaschtung bei chronesch / irreversibel erkrankte Kanner. Beanträchtegt Kanner ënnert engem Joer ginn dacks net als méi hëllefsbedürfteg wéi aner Puppelcher ugesinn, mat dem Argument se wiere souwisou op een ugewisen - och wann d'Famill Aarbecht a Fréifuerderung duerch extern Servicer zäitlech / finanziell net matenee kooridnéiert kritt. Wann de Krankheetsausléiser dobäi net fonnt ka ginn, gëtt och d'Behënnerung gär net als eng wouergeholl. Grad dës Kanner brauchen awer vill Fréifuerderung fir Réckstand opzehuelen, a keng Etikett. D'Famill brauch déi néideg Ressource fir dëst mam Beruff ze koordinéieren.

Begründung der Petition

Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze spéit erkannt, den Ausléiser vill ze spéit oder guer net gesicht. Famillje gi mat hirem Dossier an d'Ausland, wat mat enormem Opwand verbonnen ass, deelweis guer net méiglech ass. Mam berufflechen Alldag zesummen ass dat alles quasi net ze stemmen. D'Spidol an och d'Famillje brauchen dréngend déi néideg Ënnerstëtzung - sierf et just wärend dem Diagnostikprozess, oder je no Besoin vun der Famill, och iwwert den Diagnostikprozess eraus. Och Kanner ënnert engem Joer souwéi individuell Familljekonstellatioune sollen hei berücksichtegt ginn. D'Bevölkerung wiisst, an de Probleem dierf a kann net länger ignoréiert ginn.

Unterschriftensammlung abgeschlossen

Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 833 Unterschriften gültig.

Gültige Unterschriften

833 / 4 500

Die Petition teilen

Wichtige Informationen

Abgeschlossen

Datum der Einreichung

17/07/2023

Öffnung der Unterschriftensammlung

26/07/2023

Zusätzliche Informationen