Upassen vun der Vitess-Toleranz bei de Radaren. Erhéijen vu verschiddenen AT'en bei der Vitesse, an aner Verstéiss.

Öffentliche Petition Nr.2037

Petent: Gérard Koneczny

Ziel der Petition

E méi gerecht Behandelen vu Léit déi esou just géint VitessLimitatioun verstouss hunn Dofir e méi strengt Bestroofen vun Léit déi mengen de "Rambo" missen erauszeloossen. Méi Secherheet op onse Stroossen dofir en Upassen vu Stroofen fir verschidde Kavaléiersdelikter. Méi Secherheet bei onse Schoulen.

Begründung der Petition

Vill zevill Automobilisten bezuelen wéinst engem minimalen Dépasséieren vun der Vitesse ëm 1km 49EUR. Dëst ass zimlech ongerecht. Fir ons Verwaltung ass et egal op dat 1km/h oder 20km/h sinn. Fir ons Verwaltung ass et och egal op dat 21km/h oder 60km/h a méi sinn. Déi "Toleranz" vun 3km/h ass un sech eng "technesch Ongenauegkeet". Esou eng Ongenauegkeet ass vu villen Saachen ofhängeg. An onsen Nopeschlänner gëtt et eng Toleranz vun mindestens 5km/h. Dofir sollt déi Toleranzgrenz op 6 km rop goen. Dat sinn 3 km technesch Toleranz an 3km VerwaltungsToleranz. Am Géigenzuch sollen awer d'Strofen an d'Luucht goen bei esou engem Verstouss. Fir déi éischt 4km iwwert déi dann "toleréiert" soll et 50EUR kaschten ( ab 56, 76, 96 ). Fir Verstéiss ab 10km soll et 75EUR kaschten + 1 Punkt bei de Schoulen. 15km "ze schnell" sinn vill bei enger Schoul; dofir sinn 49EUR net genuch. Fir Verstéiss ab 20km soll et 150EUR kaschten; ab 30km soll et 200EUR sinn. Fir Verstéiss déi méi grouss sinn wéi 40km soll et 500EUR kaschten. E Recidive innerhalb vun 3 Méint soll jeeweils dat duebelt kaschten. Ab 60km doriwwer soll d'Geriicht entscheeden. D'Ofstellen (Stationnéieren) / d'Unhalen um Trottoir bei Schoulen soll 75EUR kaschten; dëst wëll doduerch ëmmer Kanner an Gefor bruecht ginn. Ganz dacks mussen d'Kanner dann op d'Strooss auswäichen. D'Vitesse bei Schoulen déi un enger (Haapt)-Strooss léien soll automatesch op 30km/h rofgoen tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes. Souwäit se souwéisou net an enger 30er Zone sinn. E Camions-Iwwerhuelverbuet op Autobunnen zu gewëssen Zäiten ass jo méiglech, da misst eng Vitessemodulatioun och méiglech sinn. Bei der Schoul / Gemeng zu Wëntger soll tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes en 50km gëllen. Och wann d'Schoul wäit weg ass, kann sech ëmmer e Kand dohi verlafen. Distanz vun den UertsTafelen mam "50" zu den éischten Haiser soll vun 100m (max) elo op 50 bis 150m gesat ginn. Domat géifen verschidden Awunner méi geschützt ginn.

Unterschriftensammlung abgeschlossen

Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 288 Unterschriften gültig.

Gültige Unterschriften

288 / 4 500

Die Petition teilen

Wichtige Informationen

Abgeschlossen

Datum der Einreichung

05/10/2021

Öffnung der Unterschriftensammlung

19/10/2021

Zusätzliche Informationen