Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen - Die Petitionen
Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen
Öffentliche Petition Nr.2035
Petent: Luc Deitz
Ziel der Petition
Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden. Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun. Auszuch aus dem Artikel 114: « Le texte adopté en première lecture par la Chambre des députés est soumis à un référendum, qui se substitue au second vote de la Chambre, si dans les deux mois suivant le premier vote demande en est faite soit par plus d'un quart des membres de la Chambre, soit par vingt-cinq mille électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives. » Déi « électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives », déi esou e Referendum wéilte froen, sollen dat also virum zweete Vote an der Chamber och op elektroneschem Wee kënne maachen, ouni dass si sech - wéi dat de Moment nach virgesinn ass - perséinlech mussen op hier Gemeng deplacéieren, fir sech do an enger Lëscht anzeschreiwen.
Begründung der Petition
D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt. Et ass awer leider esou, dass déi aktuell Referendumsprozedur nach ëmmer virgesäit, dass déi Leit, déi ee Referendum wéilten ufroen, duerfir selwer musse physesch op eng Gemeng goen, fir do hir Ënnerschrëft op Pabeier ofzeginn. Dëst ass net nëmmen eng ëmständlech, mee och eng partiell diskriminéierend Prozedur, wann een un déi vill Bierger denkt, deenen et aus verschiddene Grënn (z.B. Mobilitéits- an Altersgrënn, Openthalt am Ausland, Aarbechtszäite vun de Gemengeverwaltungen ...) net oder nëmme ganz schwéier méiglech ass, sech perséinlech op hier Gemeng ze deplacéieren. Si kréie vu vir eraus d'Méiglechkeet geholl, ee Referendum iwwerhaapt ze froen, och wa si dat wéilten. Nun huet sech souwuel am Kader vun där ugestriefter administrativer Vereinfachung wéi och am Kontext vun där dacks gewënschter méi direkter, partizipativer, bottom-up Demokratie de Moyen vun der elektronescher Ënnerschrëft an de läschte Joeren (z.B. am Kader vun der Ënnerstëtzung vun den ëffentleche Petitiounen an der Chamber) duerchaus bewäert. Och a villen anere Beräicher encouragéiert d'Regierung d'Bierger dozou, reng administrativ Démarchen ëmmer méi op elektroneschem Wee ze maachen (z.B. iwwer myguichet.lu). Wëll d'Demande, ee Referendum ze organiséieren, an engem éischte Schrack eng reng administrativ Démarche ass, gëtt et kee gudde Grond, grad bei esou engem wichtegen Thema de Bierger keng Méiglechkeet ze ginn, fir dës Demande online kënnen ze maachen. Au contraire misst all « électeur inscrit », och wann hien de Moment z.B. am Ausland lieft oder sech aus anere Grënn net deplacéiere kann, gläichberechtegt d'Méiglechkeet kréien, seng demokratesch Rechter auszeüben an d'Demande no engem Referendum iwwert d'Verfassung kënnen ze ënnerstëtzen.
Unterschriftensammlung abgeschlossen
Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 1711 Unterschriften gültig.
Gültige Unterschriften
1 711 / 4 500
Wichtige Informationen
Abgeschlossen
Datum der Einreichung
04/10/2021
Öffnung der Unterschriftensammlung
19/10/2021
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
11/03/2022
Beendigungsbescheid
Déclaration de clôture
02/03/2022
Die öffentliche Petition Nr. 2035 wurde am 02-03-2022 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
14/12/2021
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
14/12/2021
Die öffentliche Petition Nr. 2035 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 14-12-2021 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 1711
14/12/2021
Gültige Online-Unterschriften: 1711
30/11/2021
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2035 ist am 30-11-2021 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 1711
19/10/2021
Die öffentliche Petition Nr. 2035 kann ab dem 19-10-2021 unterschrieben werden
18/10/2021
Zulässigkeitsbescheid
14/10/2021
Die öffentliche Petition Nr. 2035 wurde am 14-10-2021 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig Beginn der Unterschriftsphase : 19-10-2021 um 0:00 Ende der Unterschriftsphase : 29-11-2021 um 23:59
13/10/2021
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 13-10-2021 betreffend die Petition Nr. 2035 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
04/10/2021
Die öffentliche Petition Nr. 2035 wurde am 04-10-2021 eingereicht.
Titel der Petition: Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen Ziel der Petition: Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden. Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun. Auszuch aus dem Artikel 114: « Le texte adopté en première lecture par la Chambre des députés est soumis à un référendum, qui se substitue au second vote de la Chambre, si dans les deux mois suivant le premier vote demande en est faite soit par plus d'un quart des membres de la Chambre, soit par vingt-cinq mille électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives. » Déi « électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives », déi esou e Referendum wéilte froen, sollen dat also virum zweete Vote an der Chamber och op elektroneschem Wee kënne maachen, ouni dass si sech - wéi dat de Moment nach virgesinn ass - perséinlech mussen op hier Gemeng deplacéieren, fir sech do an enger Lëscht anzeschreiwen. Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt. Et ass awer leider esou, dass déi aktuell Referendumsprozedur nach ëmmer virgesäit, dass déi Leit, déi ee Referendum wéilten ufroen, duerfir selwer musse physesch op eng Gemeng goen, fir do hir Ënnerschrëft op Pabeier ofzeginn. Dëst ass net nëmmen eng ëmständlech, mee och eng partiell diskriminéierend Prozedur, wann een un déi vill Bierger denkt, deenen et aus verschiddene Grënn (z.B. Mobilitéits- an Altersgrënn, Openthalt am Ausland, Aarbechtszäite vun de Gemengeverwaltungen ...) net oder nëmme ganz schwéier méiglech ass, sech perséinlech op hier Gemeng ze deplacéieren. Si kréie vu vir eraus d'Méiglechkeet geholl, ee Referendum iwwerhaapt ze froen, och wa si dat wéilten. Nun huet sech souwuel am Kader vun där ugestriefter administrativer Vereinfachung wéi och am Kontext vun där dacks gewënschter méi direkter, partizipativer, bottom-up Demokratie de Moyen vun der elektronescher Ënnerschrëft an de läschte Joeren (z.B. am Kader vun der Ënnerstëtzung vun den ëffentleche Petitiounen an der Chamber) duerchaus bewäert. Och a villen anere Beräicher encouragéiert d'Regierung d'Bierger dozou, reng administrativ Démarchen ëmmer méi op elektroneschem Wee ze maachen (z.B. iwwer myguichet.lu). Wëll d'Demande, ee Referendum ze organiséieren, an engem éischte Schrack eng reng administrativ Démarche ass, gëtt et kee gudde Grond, grad bei esou engem wichtegen Thema de Bierger keng Méiglechkeet ze ginn, fir dës Demande online kënnen ze maachen. Au contraire misst all « électeur inscrit », och wann hien de Moment z.B. am Ausland lieft oder sech aus anere Grënn net deplacéiere kann, gläichberechtegt d'Méiglechkeet kréien, seng demokratesch Rechter auszeüben an d'Demande no engem Referendum iwwert d'Verfassung kënnen ze ënnerstëtzen.