Fir de generelle Verbuet vu privatem Freedefeier

Öffentliche Petition Nr.1171

Petent: Robert Schommer

Ziel der Petition

D'Geforen an Nuisancen duerch privat Freedefeier fir Mënsch, Natur an Ëmwelt mat engem generelle Verbuet minimiséieren. An dëser Thematik eng kloer Positioun fir d'ganz Land an all Awunner bezéien an d'Handhabung net de Gemengen iwwerloossen. Eng eenheetlech Aussnahmebestëmmung ausschaffe mam Zil dass all Gemeng ausgewise Platzen z.B. fir Silvester ariicht. Dës Platze sollen nom Impakt op d'Ëmwelt (Mënsch, Déier, Geforen a Verschmotzung) ausgewielt ginn. Wien Freed un Freedefeier huet soll dëser Passioun mat méi Sécherheet nogoe kënnen. Wien keng Freed un Freedefeier huet, soll duerch dës Mesure manner gesteiert ginn. Botz- an opraum- Aarbechte sollen doduerch mi einfach ginn. Noutdéngschter sollen doduerch bei Tëschefäll mi effikass agräife kënnen. Muttwëlleg Verschmotzung a Knupperte fir d'Leit z'erschrecke sollen doduerch mi kloer Verbuede ginn a mi liicht ze sanktionéiere ginn, wéi bis ewell. Parallel sollen d'Gemengen dobäi ënnerstëtzt gi fir Alternativen zu Freedefeier (z.B. Lasershow) op dësen ausgewisene Platzen ze weise fir dësem Brauch mat de Knupperte mat der Zäit e mi niddrege Stellewäert zoukommen ze loossen.

Begründung der Petition

D'Meenungen iwwer d'Freedefeier gi besonnesch weit ausernee soubal wei op Silvester privat Leit massiv Knupperte kafen an zünden. Di läscht Joren huet sech dëst souguer op Gemengenniveau erëmgespigelt, soudass munch Gemengen et verbidden an anerer net oder just ënner bestëmmte Bedingungen erlaben. Dëst ass keng adequat Léisung an dofir muss op nationalem Niveau eng Léisung hir. D'Grënn wisou et zu dëser Entwécklung koum, sinn Villfälteg. E.a. Knascht, Kaméidi, Geforen, verängschtegt Deieren, Ëmweltverschmotzung.

Unterschriftensammlung abgeschlossen

Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 262 Unterschriften gültig.

Gültige Unterschriften

264 / 4 500

Die Petition teilen

Wichtige Informationen

Abgeschlossen

Datum der Einreichung

01/01/2019

Öffnung der Unterschriftensammlung

23/01/2019

Zusätzliche Informationen