Ëffentlech n°926

Petitionnär/in: Mike Roderes

Ofschafe vum Freedefeier op Nationalfeierdag

Zil vun der Petitioun

Abolition du feu d‘artifice à l´occasion de la fête nationale

Motivatioun vun der Petitioun

Vu dass verschidde Gemengen de Lëtzebuerger Bierger verbidde wëllen, ee Freedefeier fir Sylvester ofzeschéissen, mam Argument dass eis Hausdéieren dëst fäerten, sollen d’Bierger d´Recht hunn der Regierung kloer ze maachen dass et net rechtens ass, eis eppes ze verbidden wat se selwer fir ... méi

ofgelaf  10.03.2018
78 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
14.05.2018

Deklaratioun vun der Cloture

09.05.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 926 ass den 09-05-2018 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

26.03.2018

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

22.03.2018

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 78

22.03.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 926 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 22-03-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 78

11.03.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 926 z'ënnerschreiwen ass den 11-03-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 78

09.03.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 926 z'ënnerschreiwen ass den 09-03-2018 bis den 10-03-2018 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 10-03-2018

08.03.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 926 z'ënnerschreiwen ass den 08-03-2018 bis den 09-03-2018 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 09-03-2018

25.01.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 926 ka vum 25-01-2018 un ënnerschriwwe ginn

23.01.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.01.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 926 gouf den 19-01-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-01-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-03-2018 um 23h59

18.01.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 18-01-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 926 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

21.12.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 926 gouf den 21-12-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Ofschafe vum Freedefeier op Nationalfeierdag

 

Zil vun der Petitioun: Abolition du feu d‘artifice à l´occasion de la fête nationale

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Vu dass verschidde Gemengen de Lëtzebuerger Bierger verbidde wëllen, ee Freedefeier fir Sylvester ofzeschéissen, mam Argument dass eis Hausdéieren dëst fäerten, sollen d’Bierger d´Recht hunn der Regierung kloer ze maachen dass et net rechtens ass, eis eppes ze verbidden wat se selwer fir Nationalfeierdag zelebréieren. Mat wéi engem Recht mengt eis Regierung, datt si dem Bierger vum Lëtzebuerger Land eng Traditioun - déi mir aus eiser Täsch bezuelen - dierf verbidden, déi sie awer gläichzäiteg - op Käschten vum Bierger (bien entendu) - dierf zu Éiren vun eisem Nationalfeierdag ofhalen? Eis Hausdéieren maache komescherweis keen Ënnerscheed tëscht engem Freedefeier op Sylvester an engem Freedefeier op Nationalfeierdag! Ouni déi enorm Perte vum klenge Commerce a Betracht ze zéien! Dofir gëlt : Wann de Steierzueler et net dierf, dann dierf de Steierbedreiwer et och net! Dowéinst am Numm vun all deenen, déi dës Petitioun ënnerschreiwen : d´Freedefeier op Nationalfeierdag - dat nach ëmmer vun deene Leit finanzéiert gëtt, déi dës Traditioun verbuede kréien, mat effet immédiat ofschafen!