Ëffentlech n°850

Petitionnär/in: Kevin Berna

Cours obligatoires en alimentation à l'enseignement secondaire - Obligatorische Cours an den Lycéeën iwwert d'Ernährung - Verpflichtender Ernährungsunterricht an den Schulen.

Zil vun der Petitioun

Aféierung vun engem Cours iwwert Ernährung an den Lycéen fir d'Schüler zum Thema gesond Iessen ze sensibiliséieren. Éis Iessensgewunneschten hun en mei groußen Anfloss op éist Liewen an éis Gesontheet wéi aaner Fächer déi obligatoresch fir d'Schüler sin. Doweinst sollten Kanner ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Et ass jidverengem opgestallt wéi en sech ernähren well. Léider wessen déi mannst iwwer gesond Ernährung bescheed an lossen sech ze vill vun aalen Mythen an dem Afloss vun der Werbung an den Medien beanflossen. Ouni dess wichteg Informationen fir jidvereen kennen d'Leit sech net ... méi

ofgelaf  20.11.2017
88 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
11.01.2018

Deklaratioun vun der Cloture

10.01.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 850 ass den 10-01-2018 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

29.11.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

28.11.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 88

28.11.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 850 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 28-11-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 88

21.11.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 850 z'ënnerschreiwen ass den 21-11-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 89

09.10.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 850 ka vum 09-10-2017 un ënnerschriwwe ginn

09.10.2017

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

05.10.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 850 gouf den 05-10-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-10-2017 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-11-2017 um 23h59

29.09.2017

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 29-09-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 850 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

11.09.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 850 gouf den 11-09-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Cours obligatoires en alimentation à l'enseignement secondaire -

Obligatorische Cours an den Lycéeën iwwert d'Ernährung -

Verpflichtender Ernährungsunterricht an den Schulen.

Zil vun der Petitioun: Aféierung vun engem Cours iwwert Ernährung an den Lycéen fir d'Schüler zum Thema gesond Iessen ze sensibiliséieren.

Éis Iessensgewunneschten hun en mei groußen Anfloss op éist Liewen an éis Gesontheet wéi aaner Fächer déi obligatoresch fir d'Schüler sin. Doweinst sollten Kanner d'Informationen mat op den Wee kréien, wéi en sein Liewen positiv mad enger gesonder Liewenswéis beaflossen kann.

Durch des präventiv Moosnaam kinnten vill Krankheeten wéi Diabetes Typ 2, Herzproblemer, Adipositas, Anorexia nervosa, ... verhennert gin.

Desen Cours sollt och idealerwéis mindestens vun Ernährungsberoder ennerriicht gin an zwar op Basis vun den aktuellen wessenschaftlechen Kenntnisser an onofhängeg vun groußen Lobbien an Firmen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et ass jidverengem opgestallt wéi en sech ernähren well. Léider wessen déi mannst iwwer gesond Ernährung bescheed an lossen sech ze vill vun aalen Mythen an dem Afloss vun der Werbung an den Medien beanflossen. Ouni dess wichteg Informationen fir jidvereen kennen d'Leit sech net gesondheetsförderlech ernähren opwuel desen Faktor am Liewen eng immens Roll spillt.

Vill Krankheeten (sierf ed nemmen eng kleng Gripp) hun hieren Ursprong an enger falscher Ernährung déi zu engem geschwächten Immunsystem féiert, d'Herz belaascht, Blutdrockproblemer verursacht an zB. chronesch Krankheeten wéi Diabetes, Migränen, etc. hervirbrengt. Dest kascht den Staat an d'Krankekeesen immens vill, well d'Leit mei oft krank sin, manner schaffen kennen an och manner leeschtungsfäheg sin.

Besonneg wichteg ass dest Thema an der Kandheet an an der fréier Jugend, well an deser Period den Kierper am meechten vun enger schlechter Ernährung beanflosst gett. Ech sin zB. Migränespatient gin well ech ned iwwert d'Geforen vun Glutamat informeiert gin sinn an durch erhéigten Konsum dess Krankheet hervirgeruff hun.

Dodurch sollten des Couren bei der Jugend agefouert gin an och obligatoresch sinn.