Ëffentlech n°841

Petitionnär/in: Mike Gira

Keen Tarif de nuit (d'urgence) an der Apdikt fir Kanner

Zil vun der Petitioun

D'Ofschafe vum Tarif de nuit an der Apdikt, bei Rezepter fir Kanner, sou dass Elteren keen Surplus musse bezuelen, wann si nuets am Spidol waren an eng Ordonnance fir d’Apdikt kruten.

Motivatioun vun der Petitioun

Fir eng Famill mat Kand ass et finanziell net ëmmer einfach, an wei den Zoufall et wëll, weisen Kanner an der Nuet vu Samsdes op Sonndes hir Problematik (z.B. eng Péeng-Attack well en Zant duerchdréckt). D'Eltere gi mam Kand an d'Spidol a kreien eng Ordonnance fir direkt e Medikament an der ... méi

ofgelaf  30.10.2017
211 /4.500
5%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.12.2017

Deklaratioun vun der Cloture

19.12.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 841 ass den 19-12-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction sous forme de pétition ordinaire

13.11.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

09.11.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 211

09.11.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 841 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 09-11-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 211

31.10.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 841 z'ënnerschreiwen ass den 31-10-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 212

18.09.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 841 ka vum 18-09-2017 un ënnerschriwwe ginn

15.09.2017

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.09.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 841 gouf den 14-09-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-09-2017 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-10-2017 um 23h59

13.09.2017

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-09-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 841 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

05.09.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 841 gouf den 05-09-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Keen Tarif de nuit (d'urgence) an der Apdikt fir Kanner

 

Zil vun der Petitioun: D'Ofschafe vum Tarif de nuit an der Apdikt, bei Rezepter fir Kanner, sou dass Elteren keen Surplus musse bezuelen, wann si nuets am Spidol waren an eng Ordonnance fir d’Apdikt kruten.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Fir eng Famill mat Kand ass et finanziell net ëmmer einfach, an wei den Zoufall et wëll, weisen Kanner an der Nuet vu Samsdes op Sonndes hir Problematik (z.B. eng Péeng-Attack well en Zant duerchdréckt). D'Eltere gi mam Kand an d'Spidol a kreien eng Ordonnance fir direkt e Medikament an der Apdikt ze kréien, daat heescht, dass dem Kand soll direkt gehollef gin. D'Eltere ginn an d'Apdikt an da fällt den Nuetstarif un, resp de Sonndestarif, oder si musse bis Méindes waarden, fir laanscht dëse Surplus ze kommen. Dëst ass an mengen Aan net am Sënn vum Kand.