Keen Tarif de nuit (d'urgence) an der Apdikt fir Kanner

Public petition n°841

Petitioner: Mike Gira

Purpose of the petition

D'Ofschafe vum Tarif de nuit an der Apdikt, bei Rezepter fir Kanner, sou dass Elteren keen Surplus musse bezuelen, wann si nuets am Spidol waren an eng Ordonnance fir d''Apdikt kruten.

Reason for the petition

Fir eng Famill mat Kand ass et finanziell net ëmmer einfach, an wei den Zoufall et wëll, weisen Kanner an der Nuet vu Samsdes op Sonndes hir Problematik (z.B. eng Péeng-Attack well en Zant duerchdréckt). D'Eltere gi mam Kand an d'Spidol a kreien eng Ordonnance fir direkt e Medikament an der Apdikt ze kréien, daat heescht, dass dem Kand soll direkt gehollef gin. D'Eltere ginn an d'Apdikt an da fällt den Nuetstarif un, resp de Sonndestarif, oder si musse bis Méindes waarden, fir laanscht dëse Surplus ze kommen. Dëst ass an mengen Aan net am Sënn vum Kand.

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 211 were valid.

Verified signatures

211 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

13/08/2017

Opening of the signature collection

18/09/2017

Additional information