Einfach n°767

Vun Gérard Philipp

Lëtzebuergesch als Flichtsprooch an de Kliniken

Zil vun der Petitioun

Et muss eng Flicht ginn fir all Personal (Dokter, Infirmier etc.) de mat Patienten ze dinn hunn, mat de Patienten op Lëtzebuergesch ze kommunizéieren. Fir eng Aarbecht an enger Klinik hei zu Lëtzebuerg ze kréien muss dëst Personal ee Lëtzebuerger Sprooch Examen maachen a packen.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

Et sinn vill Lëtzebuerger déi sech net richteg an enger anerer Sprooch ausdrécke kënnen well ze Fachausdréck nëmmen ob Lëtzebuergesch kennen. An och Fach Explikatiounen an enger anerer Sprooch net ëmmer richteg oder guer net verstinn. Doraus kann ee potentielle Gesondheetsrisiko entstoen duerch d’Kommunikatiounsproblemer a falsch Interpretatioune vu Krankheeten oder Instruktiounen vum Dokter. De Patient muss sech wuel fillen an enger Klinik, an net drënner leiden, well ee sech net richteg ausdrécke kann, oder versteet, wat een eigentlech huet.

Icon process
08.02.2018

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
08.02.2018

D'einfach Petitioun Nr. 767 ass den 08-02-2018 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Suite à la prise de position gouvernementale

13.11.2017

Weiderleedung un de Petitionär

Transmission à la pétitionnaire Transmission à la pétitionnaire
16.10.2017

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 767 ass disponibel, den 16-10-2017

Minister(en): Madame Lydia Mutsch, Ministre de la Santé

Prise de position de la Ministre de la Santé Prise de position de la Ministre de la Santé
15.09.2017

Lettre à la Ministre de la Santé

Lettre à la Ministre de la Santé Lettre à la Ministre de la Santé
20.07.2017

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 767 ass disponibel, den 20-07-2017

Minister(en): Madame Lydia Mutsch, Ministre de l'Egalité des Chances

Prise de position de la Ministre de la Santé et transmission au pétitionnaire Prise de position de la Ministre de la Santé et transmission au pétitionnaire
01.06.2017

Eng Stellungsnam ass den 01-06-2017 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 767 ugefrot ginn

Minister(en): Madame Lydia Mutsch, Ministre de la Santé

Demande de prise de position à la Ministre de la Santé et transmission au pétitonnaire Demande de prise de position à la Ministre de la Santé et transmission au pétitonnaire
30.05.2017

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 767, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 30-05-2017