Ëffentlech n°739

Petitionnär/in: Christophe Allard

Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy

Zil vun der Petitioun

Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche ... méi

ofgelaf  16.01.2017
527 /4.500
12%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
10.03.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 739 ass den 10-03-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

06.02.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

31.01.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 527

31.01.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 739 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 31-01-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 527

17.01.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 739 z'ënnerschreiwen ass den 17-01-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 531

05.12.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 739 ka vum 05-12-2016 un ënnerschriwwe ginn

01.12.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 739 gouf den 01-12-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-12-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 16-01-2017 um 23h59

29.11.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 29-11-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 739 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

17.11.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 739 gouf den 17-11-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy

 

 

Zil vun der Petitioun: Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt gi fir zumindest mol an eiser Chamber ee breeden Debat heiriwwer feieren ze kennen, an natierlech och dass an der Populatioun doriwwer geschwat gëtt.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche Géigenden ëmmer méi nidderloossen, an dat zemools am Éisleck. Mir schwätze vill vu Landesplanung, vu Mobilitéit a vun der Zouverlässegkeet vum Ëffentlechen Transport am allgemengen. Dozou gehéiert zu engem groussen Deel natierlech och eisen nationalen Zuchreseau. Et gëtt sech an der Populatioun doriwwer opgereegt dass e sech zum groussen Deel net op d´Pünktlechkeet vum Zuch verloosse kann, wat eng Ursaach dovunner ass, dass eis Zuchstrecken entweder scho saturéiert sinn, oder dass se einfach nach net komplett ausgebaut sinn esou wei een sech dat an engem 21ten Joerhonnert eigentlech géing wënschen. Dorënner fält natierlech zum Haaptdeel eis Nordstreck, Ligne 10! Bei engem Ausbau vun der Nordstreck op 2 Gleiser géing sech net nëmmen d`Pünktlechkeet vun eisen Zich verbesseren, mee als wichtegst Argument och d´Sécherheet op dëser Streck, woubäi mer jo alleguerte wësse wat Konsequenze vun engem eventuellen Zuchaccident kenne sinn... Et muss een net méi op ee verspéiten Zuch waarden, fir deen ze kräizen, fir selwer weider a Richtung Norden oder Süde fueren ze kennen, woubäi bei sou enger Situatioun d`Verspéidunge vun engem Zuch un deen anere weidergereecht ginn...

 

Och am Fall vun enger Panne vun engem Zuch, dee sech dann op engem eegleisege Stéck befënnt, géing net direkt déi ganz Nordstreck brooch leien, mee et kéint een am Fall vun enger Zweegleisegkeet einfach op deem anere Gleis laanschtfueren.

 

Landesplaneresch wär et natierlech och een Atout. Wann nei Betriber sech géingen op anere Platzen nidderloosse wei éiweg nëmmen an der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, géingen sech natierlech och ëmmer méi Leit am Éisleck eng Aarbechtsplaz sichen, an den Trafic, mat deem mer eis den Ament esou rondremploen, géing sech zu engem gewëssen Deel natierlech dann emverlageren amplaz dass jiddereen sech zu de Spëtzenzäiten ëmmer muss an d`Staat quëtschen.

 

Ech sinn einfach der Meenung dass sech Argumenter wei Sécherheet, Pünktlechkeet, Attraktivitéit, Accessibilitéit an Zouverlässegkeet vun eisem Ëffentlechen Transport enorm géinge Verbessere wa mer een zweegleisegen Ausbau vun dëser Streck géingen an Ugrëff huelen.

Wann d´Leit d´Certitude bis hunn, fir sécher a virun allem pünktlech kenne bei hirem Patron unzekommen, da sinn ech der Meenung dass den Zuch als Reckrad vun eisem Transportsytem hei zu Lëtzebuerg den Auto zu engem groussen Deel wäert ofléisen, wei se dat schonn an der Schwäiz Joer fir Joer erfollegräich beweisen.