Öffentliche n°739

Petitionär/in: Christophe Allard

Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy

Ziel der Petition

Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi ... mehr

Beweggründe für die Petition

Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche ... mehr

abgelaufen  16.01.2017
527 /4.500
12%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
10.03.2017

Die öffentliche Petition Nr. 739 wurde am 10-03-2017 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Pas de poursuite de l'instruction

06.02.2017

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

31.01.2017

Gültige Online-Unterschriften: 527

31.01.2017

Die öffentliche Petition Nr. 739 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 31-01-2017 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 527

17.01.2017

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 739 ist am 17-01-2017 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 531

05.12.2016

Die öffentliche Petition Nr. 739 kann ab dem 05-12-2016 unterschrieben werden

01.12.2016

Die öffentliche Petition Nr. 739 wurde am 01-12-2016 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 05-12-2016 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 16-01-2017 um 23:59

29.11.2016

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 29-11-2016 betreffend die Petition Nr. 739 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

17.11.2016

Die öffentliche Petition Nr. 739 wurde am 17-11-2016 eingereicht.

Titel der Petition: Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy

 

 

Ziel der Petition: Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt gi fir zumindest mol an eiser Chamber ee breeden Debat heiriwwer feieren ze kennen, an natierlech och dass an der Populatioun doriwwer geschwat gëtt.

 

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche Géigenden ëmmer méi nidderloossen, an dat zemools am Éisleck. Mir schwätze vill vu Landesplanung, vu Mobilitéit a vun der Zouverlässegkeet vum Ëffentlechen Transport am allgemengen. Dozou gehéiert zu engem groussen Deel natierlech och eisen nationalen Zuchreseau. Et gëtt sech an der Populatioun doriwwer opgereegt dass e sech zum groussen Deel net op d´Pünktlechkeet vum Zuch verloosse kann, wat eng Ursaach dovunner ass, dass eis Zuchstrecken entweder scho saturéiert sinn, oder dass se einfach nach net komplett ausgebaut sinn esou wei een sech dat an engem 21ten Joerhonnert eigentlech géing wënschen. Dorënner fält natierlech zum Haaptdeel eis Nordstreck, Ligne 10! Bei engem Ausbau vun der Nordstreck op 2 Gleiser géing sech net nëmmen d`Pünktlechkeet vun eisen Zich verbesseren, mee als wichtegst Argument och d´Sécherheet op dëser Streck, woubäi mer jo alleguerte wësse wat Konsequenze vun engem eventuellen Zuchaccident kenne sinn... Et muss een net méi op ee verspéiten Zuch waarden, fir deen ze kräizen, fir selwer weider a Richtung Norden oder Süde fueren ze kennen, woubäi bei sou enger Situatioun d`Verspéidunge vun engem Zuch un deen anere weidergereecht ginn...

 

Och am Fall vun enger Panne vun engem Zuch, dee sech dann op engem eegleisege Stéck befënnt, géing net direkt déi ganz Nordstreck brooch leien, mee et kéint een am Fall vun enger Zweegleisegkeet einfach op deem anere Gleis laanschtfueren.

 

Landesplaneresch wär et natierlech och een Atout. Wann nei Betriber sech géingen op anere Platzen nidderloosse wei éiweg nëmmen an der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, géingen sech natierlech och ëmmer méi Leit am Éisleck eng Aarbechtsplaz sichen, an den Trafic, mat deem mer eis den Ament esou rondremploen, géing sech zu engem gewëssen Deel natierlech dann emverlageren amplaz dass jiddereen sech zu de Spëtzenzäiten ëmmer muss an d`Staat quëtschen.

 

Ech sinn einfach der Meenung dass sech Argumenter wei Sécherheet, Pünktlechkeet, Attraktivitéit, Accessibilitéit an Zouverlässegkeet vun eisem Ëffentlechen Transport enorm géinge Verbessere wa mer een zweegleisegen Ausbau vun dëser Streck géingen an Ugrëff huelen.

Wann d´Leit d´Certitude bis hunn, fir sécher a virun allem pünktlech kenne bei hirem Patron unzekommen, da sinn ech der Meenung dass den Zuch als Reckrad vun eisem Transportsytem hei zu Lëtzebuerg den Auto zu engem groussen Deel wäert ofléisen, wei se dat schonn an der Schwäiz Joer fir Joer erfollegräich beweisen.