Fir e generellt Vermummungsverbuet am ëffentleche Raum

Pétition publique n°711

Pétitionnaire : Pascal Hansen

But de la pétition

D'Zil vun der Petitioun ass et, fir dass all Mënsch an Zukunft kann am ëffentleche Raum à première vue identifizéiert ginn. Dowéinst sollen dann (mat Ausnahmeregelunge fir d'Fueszäit resp. fir ähnlech Fester, wou Verkleedungen zu Lëtzebuerg Usus sinn) all Zorte vu Vermummungen a Verschleierunge vum Gesit (beispillsweis duerch Motorradshelmer - ofgesinn während der Fahrt - oder duerch reliéis Kleedungen - wéi Burka, Niqab oder aner Zorte Gesiichtsschleier) verbuede ginn. Jidderee soll säi Géigeniwwer kënnen erkennen an - de cas échéant - ënner Ëmstänn och kënne beschreiwen. An zwar um Territoire vum ganze Land.

Motivation de la pétition

Dëst generellt Vermummungsverbuet dréit zur allgemenger Sécherheet engersäits bäi (duerch di direkt Erkennung vum Géigeniwwer). Anerersäits gëtt d''Vermummung a verschiddene Kreeser als sozialt Exklusiounsinstrument vu Männer fir hir Frae benotzt. E Verbuet soll also och der Sozialiséierung vun deene betraffene Fraen dingen an der sozialer Exklusioun entgéint wierken. Schliisslech geet et och ëm d''Sécherheet am Verkéier: mat engem Gesiichtsschleier virun den Aen ass engem seng Vue staark ageschränkt an et gëtt een zur Gefor fir sech selwer an och fir anerer am Verkéier. Dës Regelung däerf net den eenzelne Gemengen ënnerleien, mee et muss um nationale Plang legiferéiert ginn, fir dass d''Bierger am Land net ënnerschiddlech behandelt ginn. An awer och fir dass dat beispillsweis am Stroosseverkéier eenheetlech geregelt gëtt. Et soll ee sech heibäi roueg un den Legislatioune vun eisen Nopeschlänner Belge a Frankräich orientéieren.

Informations clés

Clôturée

Date de dépôt

16/09/2016

Ouverture de la collecte de signatures

10/10/2016

Informations complémentaires

Collecte des signatures terminée

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 1604 signatures sont valides.

Signatures validées

1 627 / 4 500

Partager la pétition