Ëffentlech n°711

Petitionnär/in: Pascal Hansen

Fir e generellt Vermummungsverbuet am ëffentleche Raum

Zil vun der Petitioun

D’Zil vun der Petitioun ass et, fir dass all Mënsch an Zukunft kann am ëffentleche Raum à première vue identifizéiert ginn. Dowéinst sollen dann (mat Ausnahmeregelunge fir d’Fueszäit resp. fir ähnlech Fester, wou Verkleedungen zu Lëtzebuerg Usus sinn) all Zorte vu Vermummungen a ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Dëst generellt Vermummungsverbuet dréit zur allgemenger Sécherheet engersäits bäi (duerch di direkt Erkennung vum Géigeniwwer). Anerersäits gëtt d’Vermummung a verschiddene Kreeser als sozialt Exklusiounsinstrument vu Männer fir hir Frae benotzt. E Verbuet soll also och der Sozialiséierung ... méi

ofgelaf  21.11.2016
1627 /4.500
36%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.01.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 711 ass den 19-01-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Déclaration de clôture

01.12.2016

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

29.11.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1604

29.11.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 711 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 29-11-2016 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1627

23.11.2016

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 23

22.11.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 711 z'ënnerschreiwen ass den 22-11-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1604

10.10.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 711 ka vum 10-10-2016 un ënnerschriwwe ginn

06.10.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 711 gouf den 06-10-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 10-10-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-11-2016 um 23h59

04.10.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 04-10-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 711 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

26.09.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 711 gouf den 26-09-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir e generellt Vermummungsverbuet am ëffentleche Raum

 

Zil vun der Petitioun: D’Zil vun der Petitioun ass et, fir dass all Mënsch an Zukunft kann am ëffentleche Raum à première vue identifizéiert ginn. Dowéinst sollen dann (mat Ausnahmeregelunge fir d’Fueszäit resp. fir ähnlech Fester, wou Verkleedungen zu Lëtzebuerg Usus sinn) all Zorte vu Vermummungen a Verschleierunge vum Gesit (beispillsweis duerch Motorradshelmer - ofgesinn während der Fahrt - oder duerch reliéis Kleedungen - wéi Burka, Niqab oder aner Zorte Gesiichtsschleier) verbuede ginn. Jidderee soll säi Géigeniwwer kënnen erkennen an – de cas échéant - ënner Ëmstänn och kënne beschreiwen. An zwar um Territoire vum ganze Land.

 

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Dëst generellt Vermummungsverbuet dréit zur allgemenger Sécherheet engersäits bäi (duerch di direkt Erkennung vum Géigeniwwer). Anerersäits gëtt d’Vermummung a verschiddene Kreeser als sozialt Exklusiounsinstrument vu Männer fir hir Frae benotzt. E Verbuet soll also och der Sozialiséierung vun deene betraffene Fraen dingen an der sozialer Exklusioun entgéint wierken. Schliisslech geet et och ëm d’Sécherheet am Verkéier: mat engem Gesiichtsschleier virun den Aen ass engem seng Vue staark ageschränkt an et gëtt een zur Gefor fir sech selwer an och fir anerer am Verkéier.

Dës Regelung däerf net den eenzelne Gemengen ënnerleien, mee et muss um nationale Plang legiferéiert ginn, fir dass d’Bierger am Land net ënnerschiddlech behandelt ginn. An awer och fir dass dat beispillsweis am Stroosseverkéier eenheetlech geregelt gëtt. Et soll ee sech heibäi roueg un den Legislatioune vun eisen Nopeschlänner Belge a Frankräich orientéieren.