Ëffentlech n°698

Petitionnär/in: Lucien Welter

Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën

Zil vun der Petitioun

D’Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsproch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën. Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Eng offiziell Sprooch (op däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Stat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Stat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng ... méi

ofgelaf  24.10.2016
14500 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
15.06.2018

Stellungnahm vum Petitionär

14.02.2018

Demarchë vun der Regierung am Kader vun der Instruktioun vun der Petitioun

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
02.05.2017

Réponse du Président de la Chambre des Députés et transmission au Premier Ministre

21.03.2017

Transmission de documents

15.03.2017

Motion adoptée après la déclaration gouvernementale "Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch"

15.03.2017

Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

25.01.2017

E Meenungsaustausch war den 25-01-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 698

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
16.01.2017

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 16-01-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 698

Aarbechten an der Kommissioun: Débat public en commissions

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
13.12.2016

Invitatioun fir den ëffentlechen Debat

08.11.2016

Validation de 14.500 signatures

08.11.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 698 huet den 08-11-2016 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

25.10.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 698 z'ënnerschreiwen ass den 25-10-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 14702

25.10.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 14478

25.10.2016

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 22

12.09.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 698 ka vum 12-09-2016 un ënnerschriwwe ginn

08.09.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 698 gouf den 08-09-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 12-09-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-10-2016 um 23h59

05.09.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-09-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 698 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

22.08.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 698 gouf den 22-08-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën

 

Zil vun der Petitioun: D’Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsproch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën. Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post oder per offizielle Communiqué, Lëtzebuergesch zu alleréischt benotzt soll ginn. Fir Auslänner, déi nach net der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn, soll automatesch op all Bréif eng Traductioun op franséisch an däitsch sinn. Ausserdeem soll erëm e Chamberbliedchen op Lëtzebuergesch publizéiert ginn. Dovunner ofgesinn soll dei franséisch Sprooch net méi vun der Regirung ausschliisslech als Amtssprooch benotzt ginn, och Uerteeler vun de Geriichter sollen op mannst op Lëtzebuergesch matgedeelt ginn. D’Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun onser Nationalitéit a soll et och bleiwen. Déi am Virfeld schonn an de Gesetzestexter verankert Artikelen an och all Reglementer sollen doropshin ofgeännert ginn, fir dass ons Lëtzebuerger Sprooch erëm ons Haaptsprooch zu Lëtzebuerg gëtt.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Eng offiziell Sprooch (op däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Stat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Stat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Konstitutioun verweist op e Gesetz, mä de Législateur gebraucht am Gesetz iwwert de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch (quell. Wikipedia) Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Art. 1er. Langue nationale: La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois. Art. 2. Langue de la législation: Les actes législatifs et leurs règlements d´exécution sont rédigés en français. Lorsque les actes législatifs et réglementaires sont accompagnés d´une traduction, seul le texte français fait foi. Dëst Gesetz muss ofgeännert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng offiziell Orthographie, an der Annex de Lien vun dësem groussherzogleche Reglement. lien:http://www.cpll.lu/pdf/ortho_1975.pdf D'Europäesch Unioun (Ofkierzung: EU) ass eng Vereenegung vun 28 europäesche State mat enger totaler Awunnerzuel vu 490 Millioune Mënschen an ass um Bruttoinlandsprodukt gemooss de gréisste Wirtschaftsraum vun der Welt. Dei eenzeg Sprooch, dei net am offiziellen Amtsblatt vun der EU vertrueden ass, ass Lëtzebuergesch, wat als Diskriminéierung unzegesinn ass. D'Regierung geet vun enger Awunnerzuel vun 1,2 Milliounen an nächster Zukunft aus. Domadder ass ons Nationalsprooch, ewéi d’Verfassung et virgesäit, zum Ausstierwe verdaamt. Et ass vun engem nationalen Interessi, dass ons Sprooch als national ewéi als 1. administrativ Sprooch erhale muss ginn.