Ëffentlech n°648

Petitionnär/in: Gilles Quinet

Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch- an Busarrêten

Zil vun der Petitioun

Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch an Busarrêten aféieren an och kontrolléieren dat et agehal gëtt, fir d'Loftqualitéit ze verbesseren, an dat een net gezwongen ass passiv ze fëmmen!

Motivatioun vun der Petitioun

Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuchgaren Et gëtt nach deels massiv op den Quaien gefëmmt an et otemt een zwangsleefeg vill Zigarettendamp an. Net nëmmen dat dat fuerchtbar lästeg ass, Passivfëmmen ass jo bekannterweis och net grad gesond. Ausserdeem setzt een an vollbesaaten ... méi

ofgelaf  05.07.2016
143 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
06.09.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 648 ass den 06-09-2016 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

25.07.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 143

25.07.2016

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

25.07.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 648 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 25-07-2016 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 143

06.07.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 648 z'ënnerschreiwen ass den 06-07-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 145

24.05.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 648 ka vum 24-05-2016 un ënnerschriwwe ginn

20.05.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 648 gouf den 20-05-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-05-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-07-2016 um 23h59

13.05.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-05-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 648 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

04.05.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 648 gouf den 04-05-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch- an Busarrêten

 

Zil vun der Petitioun: Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch an Busarrêten aféieren an och kontrolléieren dat et agehal gëtt, fir d'Loftqualitéit ze verbesseren, an dat een net gezwongen ass passiv ze fëmmen!

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuchgaren

 

Et gëtt nach deels massiv op den Quaien gefëmmt an et otemt een zwangsleefeg vill Zigarettendamp an. Net nëmmen dat dat fuerchtbar lästeg ass, Passivfëmmen ass jo bekannterweis och net grad gesond. Ausserdeem setzt een an vollbesaaten Zich nieft Leit déi no kalem Zigarettendamp richen, och dat ass onangenehm. Dat ass net den Zigarettengeroch den se vläicht vun doheem matbréngen, mä den vun enger frech gefëmmter an ausgemeeter Zigarett. Wann een schonn den ëffentlechen Transport aus Ëmweltgrënn benotzt, dann ass et jo paradox, dat een méi enger schlechter Loft ausgesat ass, wéi wann een mam Auto fiert.