Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch- an Busarrêten

Public petition n°648

Petitioner: Gilles Quinet

Purpose of the petition

Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch an Busarrêten aféieren an och kontrolléieren dat et agehal gëtt, fir d'Loftqualitéit ze verbesseren, an dat een net gezwongen ass passiv ze fëmmen!

Reason for the petition

Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuchgaren Et gëtt nach deels massiv op den Quaien gefëmmt an et otemt een zwangsleefeg vill Zigarettendamp an. Net nëmmen dat dat fuerchtbar lästeg ass, Passivfëmmen ass jo bekannterweis och net grad gesond. Ausserdeem setzt een an vollbesaaten Zich nieft Leit déi no kalem Zigarettendamp richen, och dat ass onangenehm. Dat ass net den Zigarettengeroch den se vläicht vun doheem matbréngen, mä den vun enger frech gefëmmter an ausgemeeter Zigarett. Wann een schonn den ëffentlechen Transport aus Ëmweltgrënn benotzt, dann ass et jo paradox, dat een méi enger schlechter Loft ausgesat ass, wéi wann een mam Auto fiert.

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 143 were valid.

Verified signatures

143 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

30/04/2016

Opening of the signature collection

24/05/2016

Additional information