Ëffentlech n°605

Petitionnär/in: Yves Stocklausen

STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg

Zil vun der Petitioun

De Verkaf vun Pelz Produit'en wéi Jacketten, Mutzen mat Pelzbommelen etc. zu Lëtzebuerg ze verbidden, well déi Grausamkeeten einfach net méi ze toleréiere sinn.

Motivatioun vun der Petitioun

Pelzmaentel, Jacketten a Mutzen sinn a läschter Zäit rëm in zu Lëtzebuerg an och aneschtwou. Pelz droe bedeit onendlecht Leed fir Milliounen vun Déieren, déi ënnert grausamste Konditiounen gehale ginn a meeschtens ouni iergend eng Betäubung de Pelz iwwert d’Oueren gezu kréien. An eiser ... méi

ofgelaf  22.03.2016
4911 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
08.05.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 605 gouf den 08-05-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg

Zil vun der Petitioun: De Verkaf vun Pelz Produit'en wéi Jacketten, Mutzen mat Pelzbommelen etc. zu Lëtzebuerg ze verbidden, well déi Grausamkeeten einfach net méi ze toleréiere sinn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Pelzmaentel, Jacketten a Mutzen sinn a läschter Zäit rëm in zu Lëtzebuerg an och aneschtwou. Pelz droe bedeit onendlecht Leed fir Milliounen vun Déieren, déi ënnert grausamste Konditiounen gehale ginn a meeschtens ouni iergend eng Betäubung de Pelz iwwert d’Oueren gezu kréien. An eiser haitegger Zäit, wou mir all „opgeklärt“ sinn, ass dat total onverantwortlech. Och wa Lëtzebuerg nëmmen eng kleng Roll um gesamte Marché spillt, kënne mir eng Virreiderroll iwwerhuelen, mat guddem Beispill virgoen an sou vläicht e Pelzverkafsverbuet an der ganzer EU erwierken. E puer „facts“ zur Pelzproduktioun: D’Déieren gi meeschtens duerch analen oder genitalen Elektroschock ëmbruecht, wat eng grausam Déidungsmethod ass. Ca. eng Milliard Kannéngercher gi Joer fir Joer just geziicht fir Pelzprodukter. China ass weltwäit de gréisste Pelzexporteur, a wéi mir all wëssen, gëttt et do mol net en Usaz vun Déiererechter. 2011 goufen weltwäit 54 Milliounen Nerze vergaast oder erschloen. Dobäi ass Daenemark un der Spëtzt mat 15 Milliounen Déieren. A China ginn all Joer méi wéi 2 Millioune Kazen an Hënn op grausamst Art a Weis erschloen an mësshandelt, fir mam Pelz Suen ze maachen. Vill Déieren gi souguer vu Privatleit geklaut. DNA Tester hu zudem gewisen, datt souguer echte Pelz als falschen déclaréiert an sou verkaf gouf. Hei muss och eng besser Kontroll stattfannen. Ofgesi vun den Déieren leiden och vill Mënschen ënner der Pelzproduktioun, sief et doduerch datt déi Gëftstoffer wéi Formaldehyd, Chrom, Aluminiumsalzer oder Schwiefelsaier als Ofwaasser an d’Grondwaasser gelaangen oder doduerch, datt och an der Pelzindustrie Kanneraarbecht ze fannen ass an am allegmengen d’Leit an den Fabriken ausgebeut ginn. Pelz droen ass einfach nët méi zäitgeméiss an den Verkaf muss verbuede ginn.

26.04.2017

Lettre au Président de la Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et de l'Immigration

17.02.2017

Demarchë vun der Regierung am Kader vun der Instruktioun vun der Petitioun

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
24.11.2016

E Meenungsaustausch war den 24-11-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 605

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
20.06.2016

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 20-06-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 605

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
19.06.2016

4.911 signatures validées

21.04.2016

Invitatioun fir den ëffentlechen Debat

13.04.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 605 huet den 13-04-2016 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

23.03.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 605 z'ënnerschreiwen ass den 23-03-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 5018

23.03.2016

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 43

09.02.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 605 ka vum 09-02-2016 un ënnerschriwwe ginn

08.02.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 605 gouf den 08-02-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-02-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-03-2016 um 23h59

04.02.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 04-02-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 605 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

03.02.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 605 gouf den 03-02-2016 deposéiert.

Depot