Ëffentlech n°585

Petitionnär/in: Marco Faber

Fir de Punktesystem als Bewertung an der Formation professionelle ( DT; DAP; CCP) erëm anzeféieren

Zil vun der Petitioun

Déi Petitioun ass adresséiert un all Schüler, Elteren a Léierpersonal, déi vun der Reform an der Formation professionnelle betraff sinn. D‘Schüler, d‘Elteren an d‘Léierpersonal si mat dëser Bewertung net zefridden an dës Petitioun huet als Zil, datt sech jiddereen aus der Educatioun sollt ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Dës Reform an der Formation professionnelle huet säit hirem éischte Joer ganz vill un eise Schüler verschlechtert. D‘Resulat huet et gewisen. Däitlech manner Schüler hu mat dëser Bewertung hiren Dilpom kritt wéi mat de Punkten an och ass den Zougang zu Héischschoulstudien erschwéiert ginn. ... méi

ofgelaf  15.01.2016
1734 /4.500
39%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
29.02.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 585 ass den 29-02-2016 ofgeschloss ginn

21.01.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1734

21.01.2016

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

21.01.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 585 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 21-01-2016 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1734

16.01.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 585 z'ënnerschreiwen ass den 16-01-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1734

04.12.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 585 ka vum 04-12-2015 un ënnerschriwwe ginn

03.12.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 585 gouf den 03-12-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-12-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-01-2016 um 23h59

03.12.2015

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 03-12-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 585 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

30.11.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 585 gouf den 30-11-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir de Punktesystem als Bewertung an der Formation professionelle ( DT; DAP; CCP) erëm anzeféieren

 

Zil vun der Petitioun: Déi Petitioun ass adresséiert un all Schüler, Elteren a Léierpersonal, déi vun der Reform an der Formation professionnelle betraff sinn. D‘Schüler, d‘Elteren an d‘Léierpersonal si mat dëser Bewertung net zefridden an dës Petitioun huet als Zil, datt sech jiddereen aus der Educatioun sollt dofir asetze fir eng besser Bewertung vun eise Schüler.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Dës Reform an der Formation professionnelle huet säit hirem éischte Joer ganz vill un eise Schüler verschlechtert. D‘Resulat huet et gewisen. Däitlech manner Schüler hu mat dëser Bewertung hiren Dilpom kritt wéi mat de Punkten an och ass den Zougang zu Héischschoulstudien erschwéiert ginn. D`Bewertung ass ganz oniwersiichtlech souwuel fir de Schüler wéi och fir eist Léierpersonal. Et mussen erëm Punkten agefouert gi fir eng besser a korrekt Bewertung.

 

 

28.11.2015

Depot