Ëffentlech n°530

Petitionnär/in: Triana Hilgersom

D'Allocation d'éducation muss rem agefouert ginn, bis d'Reform vum Congé parental definitiv a Kraaft trëtt

Zil vun der Petitioun

Et kann en net eng finanziell Hëllef sträichen, wann d'Reform vun enger anerer finanzieller an familljepolitescherr Hëllef nach net geklärt ass!!! Et kann jo net sinn, dass ellengerzéihend Mamme mat enger gudder Pai op den 1. Congé parental nom Congé de maternité verzichte mussen an och mol ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Mat den Dépense vun der Allocation d'éducation 485€ géif d'Regierung am Endeffekt besser wegkommen, well de Moment vill Mammen no 16 wochen CM rem schaffe ginn a Steiere bezuelen a cotiseiren an am Endeffekt guer kee Congé parental huelen, besser fir de Patron a besser fir d'Haushaltsgeld, vu ... méi

ofgelaf  03.11.2015
24 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
21.12.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 530 ass den 21-12-2015 ofgeschloss ginn

16.11.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 24

16.11.2015

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

16.11.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 530 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 16-11-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 24

16.11.2015

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 0

Zuel vun Ënnerschrëften op Pabeier: 0

04.11.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 530 z'ënnerschreiwen ass den 04-11-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 24

22.09.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 530 ka vum 22-09-2015 un ënnerschriwwe ginn

22.09.2015

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

18.09.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 530 gouf den 18-09-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-09-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 03-11-2015 um 23h59

18.09.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 530 gouf den 18-09-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: D'Allocation d'éducation muss rem agefouert ginn, bis d'Reform vum Congé parental definitiv a Kraaft trëtt

Zil vun der Petitioun: Et kann en net eng finanziell Hëllef sträichen, wann d'Reform vun enger anerer finanzieller an familljepolitescherr Hëllef nach net geklärt ass!!! Et kann jo net sinn, dass ellengerzéihend Mamme mat enger gudder Pai op den 1. Congé parental nom Congé de maternité verzichte mussen an och mol keen adéquaten finanziellen Ersatz kreien fir kënnen mam Nowues iwwer d'Ronnen ze kommen. Bis d'Regierung dat neit Gesetz vum Congé parental a Kraaft triede léisst huet eng frësch gebake Mamm déi Ufank 2016 gebäert, spéitestens 2 Méint virum Ufank vum Congé de maternité am Joer 2015 sech mussen décidéeiren an d‘Demande musse maache fir den CP ze huelen, d‘Täsche voller Scholden huet, well ee mat 1710€ d'indemnité CP par rapport vun enger gudder Pai net seng Liewesqualitéit ka behalen an och net méi säi Loyer a seng Rechnunge ka bezuelen. Eppes sträichen ass ëmmer einfach, eppes Neies op d'Been ze stellen schéngt wuel eng schwéier Gebuert ze sin!

 

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Mat den Dépense vun der Allocation d'éducation 485€ géif d'Regierung am Endeffekt besser wegkommen, well de Moment vill Mammen no 16 wochen CM rem schaffe ginn a Steiere bezuelen a cotiseiren an am Endeffekt guer kee Congé parental huelen, besser fir de Patron a besser fir d'Haushaltsgeld, vu dass de CP mat 1710€ guer net rentabel ass, iergendwann an Zukunft soll dat awer genau datselwescht si wéi engem seng lescht Pai, MEE WEINI??? Bis dat decidéiert as, soll einfach d‘Allocation d'éducation rem agefouert gin!!!

03.09.2015

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 03-09-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 530 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

28.07.2015

Depot