Ëffentlech n°507

Petitionnär/in: Marco François Thomé

Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!

Zil vun der Petitioun

Fir d’Sécherheet vun eise Kanner! D’praktesch an d’theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg. An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien. Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner ... méi

ofgelaf  20.07.2015
7040 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.12.2017

Lettre au Président de l'ALIN avec transmission au Président de la FGFC

14.11.2017

Lettre ouverte de la FGFC-ALIN

08.12.2016

Demarchë vun der Regierung am Kader vun der Instruktioun vun der Petitioun

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
05.07.2016

Eng Stellungnam iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507 ass disponibel, den 05-07-2016

Petitionär: FGFC - Gewerkschaft vum Gemengepersonal

08.12.2015

Transmission de procès-verbaux de commissions au Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ainsi qu'aux pétitionnaires

16.11.2015

E Meenungsaustausch war den 16-11-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507

Aarbechten an der Kommissioun: Conclusions de la Commission suite au débat public du 28 octobre 2015

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
28.10.2015

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 28-10-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
27.10.2015

7040 signatures validées

22.09.2015

Invitatioun fir den ëffentlechen Debat

29.07.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1762

29.07.2015

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 5278

Zuel vun Ënnerschrëften op Pabeier: 5,278

28.07.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 507 huet den 28-07-2015 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

21.07.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 507 z'ënnerschreiwen ass den 21-07-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1764

08.06.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 507 ka vum 08-06-2015 un ënnerschriwwe ginn

04.06.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 507 gouf den 04-06-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-06-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-07-2015 um 23h59

03.06.2015

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 03-06-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

22.05.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 507 gouf den 22-05-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Eis Kanner sinn zu allem fäheg.

Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!

 

Zil vun der Petitioun: Fir d’Sécherheet vun eise Kanner!

 

D’praktesch an d’theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg.

 

An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien.

 

Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner leeschten. Dofir ass d'ëffentlech Schoul an der Obligatioun, eise Kanner richteg an op professionell Aart a Weis d’Schwamme bäizebréngen.

 

Richteg a professionell Schwamme léieren heescht:

• d’Waasser gären hunn an sech ouni Angscht heiranner beweegen ze kennen;

• op mannst dräi Schwammstyler beherrschen (brasse, crawl, dos crawlé, plongée et saut)

• richteg Schwammtechnike beherrschen (Positioun vum Kierper, Kompressiouns- an Decompressiounsphasen)

• encadréiert duerch professionellt, diploméiert ausgebildend Personal mat permanenter Weiderbildung

 

Ass dat aktuell garantéiert an der Grondschoul? Nee !

 

Säit der Reform vun der Grondschoul am Joer 2009 ginn ëmmer méi Schwammmeeschtere vun den eigentleche Schwammcourse matt de Kanner entbonnen. A Plaz kennt eng Léisung wou Schoulmeeschteren oder Chargés de cours nëmmen eng minimal Rettungsausbildung hunn.

Säit der Reform hëlt d’Qualitéit vum Schwammunterrecht innerhalb vun der Schoul ëmmer weider of.

 

Dëst däerf net esou weidergoen!

 

Dofir fuerdere mir en ëffentlechen Debat iwwert d’Zukunft an d’Qualitéit vum Schoulschwammen hei am Land. D’Regierung däerf sech hei net aus der Verantwortung stielen, andeems si esou mëscht wéi wann alles an der Rei wier an hir Verantwortung un d‘Gemengenautoritéiten ofwälzt.

 

Déi aktuell Entwécklung féiert iwwert kuerz oder laang dozou, datt d’Kanner ëmmer manner schwamme léieren, wat liewensgeféierlech ka sinn. Dëst beaflosst net nëmmen hir eege Sécherheet an déi vun hire Matmënschen, mee och hir Liewensqualitéit an déi vun der ganzer Famill.

 

Fir Schwammcourse matt didaktesch a methodescher Professionalitéit, zum Wuel vun eise Kanner!

 

Géint onprofessionell Kompetenzen, déi e funktionéirende System beim Schoulschwamme mëttelfristeg ofschafen.

 

21.05.2015

Depot