Ëffentlech n°480

Vun Benoit Junk

Petitioun géint Frais de Dossieren bei Krediter a Prêten

Zil vun der Petitioun

Am Kader vu Prêt- a Kreditufroen, ass et déi gängeg Praxis vu Banken an anere Geldinstituter fir Frais de Dossieren respektiv "Bearbeitungsgebühren" ze verlaangen. Dëst maachen d'Banken a Geldinstituter mam Argument, datt ee misst Aarbecht an Zäit an déi potenziell Clienten investéieren fir deenen hir Bonitéit ze préiffen. Lo huet awer an Däitschland de Bundes Gerichtshof entscheed, datt dës Fraisen onzoulässeg sinn, well d'Préifung vun der Bonitéit vu potenzielle Clienten am Interêt vun de Banken a Geldinstituer ass an dofir net kënnen un den Ënnclient weidergereecht ginn. Mat dëser Petitioun soll genau sou eng Gesetzeslag a Lëtzebuerg geschafe gi mam Zousaz, datt d'Verjährung vun äelere Frais de Dossieren réicht ab 3 Joer gëllt. Et kéint een also bezuelte Frais de Dossieren réckwierkend zeréckverlaangen! Ab wéini dës Verjährungsfrist gräiffe soll bleift dem Legislateur iwwerlooss. Am Interêt vun den Ënnclienten an der gesamter Wirtschaftslag soll dëst Gesetz Investitiounen an domat d'Wirtschaft förderen.

ofgelaf  27.03.2015
0
0%
gesammelt Ënnerschrëften
Icon process
12.05.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 480 ass den 12-05-2015 ofgeschloss ginn

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
01.04.2015

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
01.04.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 480 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 01-04-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 100

28.03.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 480 z'ënnerschreiwen ass den 28-03-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 100

13.02.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 480 ka vum 13-02-2015 un ënnerschriwwe ginn

12.02.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 480 gouf den 12-02-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-02-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-03-2015 um 23h59

Déclaration de recevabilité Déclaration de recevabilité
02.02.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 480 gouf den 02-02-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Petitioun géint Frais de Dossieren bei Krediter a Prêten

Zil vun der Petitioun: Am Kader vu Prêt- a Kreditufroen, ass et déi gängeg Praxis vu Banken an anere Geldinstituter fir Frais de Dossieren respektiv "Bearbeitungsgebühren" ze verlaangen. Dëst maachen d'Banken a Geldinstituter mam Argument, datt ee misst Aarbecht an Zäit an déi potenziell Clienten investéieren fir deenen hir Bonitéit ze préiffen.

Lo huet awer an Däitschland de Bundes Gerichtshof entscheed, datt dës Fraisen onzoulässeg sinn, well d'Préifung vun der Bonitéit vu potenzielle Clienten am Interêt vun de Banken a Geldinstituer ass an dofir net kënnen un den Ënnclient weidergereecht ginn.

Mat dëser Petitioun soll genau sou eng Gesetzeslag a Lëtzebuerg geschafe gi mam Zousaz, datt d'Verjährung vun äelere Frais de Dossieren réicht ab 3 Joer gëllt. Et kéint een also bezuelte Frais de Dossieren réckwierkend zeréckverlaangen!

Ab wéini dës Verjährungsfrist gräiffe soll bleift dem Legislateur iwwerlooss.

Am Interêt vun den Ënnclienten an der gesamter Wirtschaftslag soll dëst Gesetz Investitiounen an domat d'Wirtschaft förderen.

 

Texte de la pétition Texte de la pétition
30.01.2015

Depot