Einfach n°475

Vun Nora Schleich

Géint Feierwierkskierper a Knupperten zu Sylvester!

Zil vun der Petitioun

Mat dëser Pétitioun erhoffen ech mer et ze ereechen, dat en legislativt, konsequent Verbued ausgeschwat gett géint de Verkaf an d'Ooffeieren vun Knupperten, Rakeiten, an ähnlechen Feierwierkskierperen un a vun private Persounen oder Organisatiounen. Et ass all Joërs grausam, wéivill Déieren a Panik verfalen, nëmmen well den Eenzelnen muss weisen, wéi schein e knuppe kann. Des weideren kascht et eng Onmass u Geld, déi mat Secherheet besser anzwousch anescht ugehluecht wier! (Spenden, etc.) Och net ze veruechten ass den Impakt op d'Emwelt, iwwerall leien dei eidel Këschten an ausgebrannte Rakéiten ronderem, an d'ass keen Eenzelfall, dat deen Een oder Aneren mat Blessuren hospitaliséiert ginn muss. Duerfir soen ech NEE zu deem onnéidegen Knupp-Wahnsinn, deen allgemeng méi Schueden uriicht, wei dat e Freed soll machen! Dëst ass primär een NEE fir d'Déieren, déi mat Secherheet am meeschten ennert desem egoisteschen Verhale vun hiere menschlechen Matbewunner ze leiden hunn! Aaner Groussstiedt (Parais,...) verbidden d'Ooffeieren vun Feierwierkskierper vun Privatpersounen och, da komm mir halen och do mat deene Grousse mat!

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.
Icon process
28.09.2015

D'einfach Petitioun Nr. 475 ass den 28-09-2015 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Déclaration de clôture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
08.07.2015

Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung mat Ufro fir d'Cloture

Transmission de la prise de position gouvernementale et demande de clôture Transmission de la prise de position gouvernementale et demande de clôture
24.06.2015

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 475 ass disponibel, den 24-06-2015

Minister(en): Monsieur Dan Kersch, Ministre de l'Intérieur

Prise de position du Ministre de l'Intérieur et du Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Economie sociale et solidaire Prise de position du Ministre de l'Intérieur et du Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Economie sociale et solidaire
27.04.2015

Eng Stellungsnam ass den 27-04-2015 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 475 ugefrot ginn

Minister(en): Monsieur Dan Kersch, Ministre de l'Intérieur

Demande de prise de position au Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Economie sociale et solidaire et au Ministre de l'Intérieur et information au pétitionnaire Demande de prise de position au Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Economie sociale et solidaire et au Ministre de l'Intérieur et information au pétitionnaire
22.04.2015

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 475, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 22-04-2015