Vun André Bigelbach
GÉINT MOBIL A FIX RADAREN!
Zil vun der Petitioun
An engem Moment wou am Ausland de Sënn vu fixen, awer och vu mobile Radaren ëmmer méi a Fro gestallt gëtt (machines à fric, moderne Wegelagerei), wëll den Nohaltegkeetsministär dës ëmstridden Iwwerwaachungs- a Repressiounsinstrumenter elo och dem Verkéier hei zu Lëtzebuerg opzwéngen.- Wa jiddereen permanent fäerte muss, an eng Radarfal ze tappen, da féiert dat zu méi Stress, méi Ierger an domat zu méi Onsécherheet am Verkéier. Doniewent kënnt een enormen finanziellen a bürokrateschen Opwand op eist klengt Land duer, dee kloer disproportional ass zum gewënschten "Angscht-Effekt".- Wär et net besser, wann den Nohaltegkeetsministär déi geplangten 15 Milliounen Euro an d'Ofséchere vu Plazen investéire giff, wou heefeg Accidenter virkommen?- Lëtzebuerg brauch keng nei Radaren, mä eng nei, a virun allem intelligent Präventiounspolitik!
Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung mat Ufro fir d'Cloture
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 383 ass disponibel, den 04-02-2015
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures
Informatioun un de Petitionär iwwert de Reklassement vun der ëffentlecher Petitioun an eng einfach Petitioun
Eng Stellungsnam ass den 30-07-2014 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 383 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures

Facebook
Whatsapp
E-Mail