Ëffentlech n°3001

Petitionnär/in: Carlo Kirsch

Annulatioun vun der Konventioun tëschent Staat an der CLT-Ufa an Oofschaafe vun alle staatleche Subventiounen un RTL.

Zil vun der Petitioun

D'Konventioun tëschent dem Staat an der CLT-Ufa déi virgesäit bis 2030 all Joër 15 Milliounen EUR un RTL ze bezuelen soll annuléiert ginn. RTL kënnt sénger Verflichtung, eng onoofhängeg an neutral Informatiounsquell ze sinn nët no an duerf dofir keng generell Hëllef aus der Staatskeess ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D'Secherstellen dass staatlech Subventiounen un d'Medienhaus RTL gebonne sinn u politesch, wirtschaftlech a sozial onoofhängeg Informatiounen an Ënnerhaalung.

ofgelaf  07.03.2024
638 /4.500
14%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.03.2024

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3001 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-03-2024 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 638

13.03.2024

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 638

08.03.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3001 z'ënnerschreiwen ass den 08-03-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 638

26.01.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3001 ka vum 26-01-2024 un ënnerschriwwe ginn

25.01.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

25.01.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3001 gouf den 25-01-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-01-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-03-2024 um 23h59

24.01.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-01-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3001 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

08.01.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3001 gouf den 08-01-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Annulatioun vun der Konventioun tëschent Staat an der CLT-Ufa an Oofschaafe vun alle staatleche Subventiounen un RTL.

Zil vun der Petitioun: D'Konventioun tëschent dem Staat an der CLT-Ufa déi virgesäit bis 2030 all Joër 15 Milliounen EUR un RTL ze bezuelen soll annuléiert ginn.

 

RTL kënnt sénger Verflichtung, eng onoofhängeg an neutral Informatiounsquell ze sinn nët no an duerf dofir keng generell Hëllef aus der Staatskeess kréien.

 

Dës Verflechtung vu Staat an Ënnerhaalungsindustrie a privater Hand an domat weder politesch nach wirtschaftlëch neutral ass nët am Intérêt public.

 

Ët muss eng méi zäitgeméiss an zweckorientéiert Form vun Ënnerstëtzung fonnt ginn woumat politesch neutral Produktiounen vu generellem Informatiouns- oder Ënnerhaltungscharakter individuell ugepasste Subsiden akkordéiert kréien.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Secherstellen dass staatlech Subventiounen un d'Medienhaus RTL gebonne sinn u politesch, wirtschaftlech a sozial onoofhängeg Informatiounen an Ënnerhaalung.