Ëffentlech n°2991

Petitionnär/in: Marc Faramelli

d'Heeschen zu all Zäit an iwwerall erlaabt loossen!

Zil vun der Petitioun

Heeschen ass Deel vum Recht op Selbstbestëmmung am Sënn vun de Garantien déi am Artikel 8 an der Europäescher Mënscherechtskonventioun verankert sinn. Et sollt am Fong just kënnen ageschränkt gi wann een aner Leit aggressiv ugeet oder a zum Beispill a Bande géif heesche goen. D'Police ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Jidderee kann duerch Schicksalsschléi an déi mësslech Situatioun geroden op Hëllef vun aneren ugewisen ze sinn. Wann een dann esou aarm drun ass, dat een heesche muss, sollt een net och nach kriminaliséiert ginn an dem en dem Mënsch och nach déi Méiglechkeet hëlt. Et ass also am ... méi

ofgelaf  22.02.2024
5502 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
07.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2991 huet den 07-03-2024 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

07.03.2024

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 5501

07.03.2024

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 1

23.02.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2991 z'ënnerschreiwen ass den 23-02-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 5514

12.01.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2991 ka vum 12-01-2024 un ënnerschriwwe ginn

11.01.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

11.01.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2991 gouf den 11-01-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 12-01-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-02-2024 um 23h59

10.01.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-01-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2991 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

18.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2991 gouf den 18-12-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: d'Heeschen zu all Zäit an iwwerall erlaabt loossen!

Zil vun der Petitioun: Heeschen ass Deel vum Recht op Selbstbestëmmung am Sënn vun de Garantien déi am Artikel 8 an der Europäescher Mënscherechtskonventioun verankert sinn.

 

Et sollt am Fong just kënnen ageschränkt gi wann een aner Leit aggressiv ugeet oder a zum Beispill a Bande géif heesche goen.

 

D'Police sollt och do déi néideg Ressource kréie fir géint esou eppes virzegoen, mee individuell sollt jidderee "passiv" heesche kënnen, also sech dierfen dohi setze mat engem Behälter an op Spenden hoffen, ouni natierlech de Passage ze behënneren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Jidderee kann duerch Schicksalsschléi an déi mësslech Situatioun geroden op Hëllef vun aneren ugewisen ze sinn.

 

Wann een dann esou aarm drun ass, dat een heesche muss, sollt een net och nach kriminaliséiert ginn an dem en dem Mënsch och nach déi Méiglechkeet hëlt.

 

Et ass also am Interessi vun eis all an an der Hoffnung dat een ni heesche muss!