Ëffentlech n°2963

Petitionnär/in: Pierre Karges

Fëmmverbuet op Terrassen, wou et eppes ze iesse gëtt.

Zil vun der Petitioun

Et soll op Terrassen, op deenen een eppes iesse kann, ee Fëmmverbuet agefouert gi.. Eigentlech soll Gesetz iwwert Fëmmverbuet, wat schonns besteet, op Terrassen erweidert ginn. Sou dat et méiglech ass, och am fräien säin Iessen ouni Damp vun engem aneren Dësch kennen ze genéissen.

Motivatioun vun der Petitioun

Et soll endlech och méiglech sinn, dat een op enger Terrasse am Summer eppes iesse kann, ouni dat den Damp vun Zigaretten, E-Zigaretten, Zigaren oder Päifen een dobäi stéieren. Déi Leit déi fëmmen, maachen dat jo och réischt nom Iessen, well si dat beim Iesse selwer stéiert. Dann soll et och ... méi

ofgelaf  25.01.2024
1395 /4.500
31%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.03.2024

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.03.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2963 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-03-2024 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1395

13.03.2024

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1395

26.01.2024

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2963 z'ënnerschreiwen ass den 26-01-2024 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1395

15.12.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2963 ka vum 15-12-2023 un ënnerschriwwe ginn

14.12.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2963 gouf den 14-12-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-12-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-01-2024 um 23h59

13.12.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-12-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2963 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

27.11.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2963 gouf den 27-11-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fëmmverbuet op Terrassen, wou et eppes ze iesse gëtt.

Zil vun der Petitioun: Et soll op Terrassen, op deenen een eppes iesse kann, ee Fëmmverbuet agefouert gi.. Eigentlech soll Gesetz iwwert Fëmmverbuet, wat schonns besteet, op Terrassen erweidert ginn. Sou dat et méiglech ass, och am fräien säin Iessen ouni Damp vun engem aneren Dësch kennen ze genéissen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et soll endlech och méiglech sinn, dat een op enger Terrasse am Summer eppes iesse kann, ouni dat den Damp vun Zigaretten, E-Zigaretten, Zigaren oder Päifen een dobäi stéieren. Déi Leit déi fëmmen, maachen dat jo och réischt nom Iessen, well si dat beim Iesse selwer stéiert. Dann soll et och esou si, dat déi aner Leit, déi nach mam Iessen am gaange sinn, och net gestéiert solle ginn.